Corona-Virus: Wéi geet et weider?

Vill Bierger sinn onsécher mat der Situatioun, déi duerch de Corona-Virus entstanen ass. D’ADR hat zwou Aktualitéitsstonnen iwwert d‘Epidemie gefrot. An der Presidentekonferenz vun der Chamber gouf dorops hin haut decidéiert, an der nächster Sëtzung e ganzen Nomëtteg eng Debatt iwwert de Corona-Virus ze féieren. D’Regierung fänkt mat enger Deklaratioun un an duerno ass eng Debatt, wou déi zwou Aktualitéitsstonne vun der ADR an eng änlech vun der CSV mat dran integréiert ginn. Eng gutt Decisioun, well et ass Zäit, datt d‘Land gewuer gëtt, wat op et zoukënnt.

D‘ADR wëll, datt d’Chamber sech mat zwee ganz verschiddene Volete vun der Epidemie beschäftegt. An dëser Debatt soll deemno gekuckt ginn, wéi et ëm déi gesondheetlech a sanitär Situatioun zu Lëtzebuerg steet. D’ADR erwaart sech an deem Kontext genee an detailléiert Informatiounen a Statistiken. Et soll awer och gekuckt ginn, wat déi gesondheetlech Situatioun fir eis Wirtschaft a Staatsfinanze bedeit. Et mussen och Äntwerte fonnt ginn, fir op déi méiglech Konsequenzen ze reagéieren, fir Salariéën, déi net méi kënne schaffe goen a fir Betriber, déi mussen op Kuerzaarbecht zeréckgräifen oder ganz zoumaachen.

Iwwerdeems stellt sech och déi akut Fro, wéi Lëtzebuerg mat deene ronn 200.000 Frontalieren, déi all Dag aus eisen dräi Nopeschlänner bei eis schaffe kommen, verfuere soll. E besonnesche Fokus läit hei bei deene ronn 100.000 franséische Grenzgänger, déi all Dag aus der Regioun Grand-Est op Lëtzebuerg kommen. Dës gouf jo gëschter vum Robert-Koch-Institut als Kriseregioun deklaréiert. Besonnesch problematesch ass, datt e groussen Deel vun hinnen an iwwerfëllten Zich, wou d’Ustiechungsgefor grouss ass, op Lëtzebuerg kënnt.

Och ass d’Haltung vun der Inspection Sanitaire ze kucken, déi warnt, datt d‘Betriber d’Käschten ze droen hunn, wann si e Mataarbechter, deen an engem Krisegebitt war oder eventuell Symptomer weist, géingen heemschécken. Et heescht, dat kéint net iwwer Congé oder Krankeschäi bezuelt ginn a géing zu Laaschte vun de Patronen.

Ganz am Sënn vun enger transparenter an effikasser Preventiounspolitik wäert d’ADR weider konstruktiv matschaffen, fir d’Leit beschtméiglech virun de Geforen a Konsequenze vum Corona-Virus ze schützen an eng séier Léisung fir all Problemer, déi kënnen entstoen, ze fannen.

ADR-Pressematdeelung vum 12. Mäerz 2020

Deel dëse Post: