Corona: Virsiicht, keng Panik!

Eng Epidemie iwwert grouss Deeler vun der Welt ass näischt fir ze spaassen. Paradoxerweis geet d’Liewe deelweis normal weider an et si just eenzel Secteure (wéi d’Schoulen) ganz betraff. D’ADR ass beméit, an dëser Kris esou gutt wéi méiglech ze hëllefen … mat Rot an Dot. Dat weist sech weider un eiser parlamentarescher Aarbecht. An der Presidentekonferenz vun der Chamber ass en Ordre du jour opgestallt ginn fir nächsten Dënschdeg, dee ganz der Corona-Kris reservéiert gëtt. De Gast Gibéryen hat nämlech zwou Aktualitéitsstonne gefrot, déi en Dënschdeg mat enger weiderer Aktualitéitsstonn an enger Regierungserklärung zum Sujet de ganze Nomëtte behandelt ginn.

Hei sinn déi zwou Aktualitéitsstonnen, déi den ADR-Deputéierte wëllt behandelt hunn,

Et ass Zäit ginn fir dës Mesure, wéi d’ADR och an engem

erkläert huet.

Déi wirtschaftlech a finanziell Aspekter iwwert déi de Gast Gibéryen méi wëll gewuer ginn, sinn eventuell pragmatesch a séier Mesuren fir Betriber a Salariéen ze hëllefen, deenen hir Aarbecht duerch d’Epidemie schwéier oder onméiglech ginn ass. Och de Staat riskéiert, vill Suen ze verléieren, sollt d’Krankheet wäit ëm sech gräifen, dëst esou wuel duerch d’Ausgaben fir Wirtschaft a Salariéen ze hëllefen, wéi och duerch e Verloscht vu Recetten.

Och de Roy Reding an de Jeff Engelen hu sech vun eiser Säit aus mat der Krisesituatioun beschäftegt. An enger gemeinsamer, drénglecher Fro hu Roy Reding a Jeff Engelen sech mat aarbechtsrechtlechen Aspekter befaasst. Et ass nämlech esou, datt e Patron, dee präventiv Mataarbechter doheem léisst, well si vläicht aus engem Krisegebitt kommen oder Krankheetsunzeechen hunn, selwer fir d’Onkäschten an de Verloscht muss opkommen, an dat net iwwert Krankeschäin oder Congé ofrechne kann.

Eng weider drénglech Fro vum Roy Reding betrëfft déi disparat Léisungsusäz. Esou ass den ADR-Deputéierten iwwerrascht, datt engersäits Fussballmatcher ënner fräiem Himmel vun der FLF ofgesot ginn, datt awer den ëffentlechen Transport an deelweis iwwerfëllte Gefierer an also an Epidemieszäiten ënner geféierleche sanitäre Konditiounen weidergeet. Zu deene schwéier novollzéibaren, disparaten Decisiounen rechent de Roy Reding och, datt d’Chamber weider normal fonktionéiert.

Et ass net vir Panik ze maachen. Bei esou enger Gesondheetskris heescht et, d’Verbreedung vum Virus esou schwéier wéi méiglech ze maachen, Risikogruppen ze schützen an d’Ofklénge vun der Krankheet ofzewaarden. Do hëlleft e rouege Kapp a keng Panik.

ADR-Nationalkongress ofgesot

Aus deenen Iwwerleeungen eraus a fir all Risiko aus de éiss ze goen, huet d’ADR decidéiert, hire Nationalkongress, dee fir den 29. Mäerz programméiert war, ofzesoen. De Kongress gëtt méi spéit am Joer nogeholl.

 

Deel dëse Post: