Corona: vill Secteure brauche weider Hëllef

Déi nei Covid-Moossname wäerte nees eng Rëtsch ekonomesch Secteuren treffen, déi scho vum Confinement uerg gerode gi waren. Vill Betriber brauchen dréngend Hëllef. Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt. Hie wëll wëssen, wat d’Regierung virgesäit fir d’Aviatioun, fir d’Horeca, fir d’Kultur, den Evenementiel a fir  d’Maartleit a Forainen ze stäipen. Besonnesch um Häerz leien him dobäi déi Moossnamen, déi de Beschäftegten an dëse Branchen hëllefe sollen. Bei de Maartleit a Forainen freet hien, wat gemaach gëtt, fir datt dës Leit kënnen Ëmsaz maachen. Eng aner Fro suggeréiert, datt d’Suen fir d’Hotelsbongen, déi net gebraucht gi sinn, sollen an de  “Fonds de relance et de solidarité” kommen an datt och d’Maartleit a Forainen vun dësem Fong kënne profitéieren.

Deel dëse Post: