Corona-Impfung: nach dräi Punkte fir ze kläeren

D’Corona-Impfung werft ëmmer nees nei Froen op. Eise Vertrieder an der Gesondheetskommissioun, de Jeff Engelen, huet en oppent Ouer an ass gär bereet fir Onkloerheeten auszeraumen. Hien huet elo nees dräi parlamentaresch ronderëm ‘Corona-Impfung gestallt. Dobäi geet et ëm d’Impfprioritéit fir Leit mat enger Virerkrankung, déi sech wëllen impfen loossen, well si sech als besonnesch vulnerabel aschätzen. Si hu keng Ulafplazen fir déi eege Vulnerabilitéit ze signaléieren an domat fir eng prioritär Impfung zougelooss ze ginn.

Och a wëssenschaftleche Publikatiounen wéi dem renomméierte “British Medical Journal” gëtt et Kritik un der séierer Zouloossung vun den Impfstoffer. Beklot gëtt hei, datt d’réi Date vun de klineschen Tester net ëffentlech sinn. De Jeff Engelen wëllt wëssen, ob eis Regierung sech virun enger endgëlteger Zouloossung dofir asetzt, datt dës Donnéeë fir all Wëssenschaftler zougängeg sin.

De Choix vu Munneref fir den Impfzentrum am Bezierk Osten ass vill diskutéiert ginn. De Jeff Engelen freet elo ganz pragmatesch, ob Leit aus dem Osten dann eventuell Taxiskäschten ersat kréien an ob eventuell den Adapto kéint geruff ginn, wann de Wee mam aneren ëffentlechen Transport géing ze laang daueren.

Deel dëse Post: