Corona-Exit-Strategie: Méi Previsibilitéit w.e.g.!

A senger Interventioun vum 18. Mäerz fuerdert de Jeff Engelen eng méi previsibel Politik, wat déi zukünfteg Mesuren am Kader vun der Covid-Pandemie ugeet. D’ADR kritiséiert schonn zënter laangem, datt d’Regierung an deem Beräich eng reng “navigation à vue” mécht. Iwwerdeems schwätzt sech den ADR-Nord-Deputéierten dofir aus, datt et ni zu enger Zwee-Klasse-Gesellschaft kommen däerf, wou net-geimpfte Leit manner Rechter hunn, ewéi geimpfte Persounen. D’Fermeture vum Horeca-Secteur ass fir d’ADR onverständlech: Déi Betraffe steieren op eng Katastroph hin a wëssen net méi, ewéi si an Zukunft nach hir Existenz ofséchere sollen – an dat ouni, datt et eng sanitär Logik an deem Beräich géif ginn.

Deel dëse Post: