Corona-Etüd net ouni Dateschutz

Och a Corona-Zäite muss Dateschutz sinn. Eng Etüd iwwer d’Verbreedung vum Corona-Virus zu Lëtzebuerg, Con-Vince genannt, geet aus vun ëffentleche Fuerschungsintituter. Mee den Echantillon fir dës Etüd gëtt vun enger privater Meenungsëmfro-Firma gemaach, der TNS-ILRES. Dat ass net akzeptabel, well fir déi Auswiel vun de Leit ze maachen, déi bei dëser Etüd matmaache sollen, muss d’Firma gesondheetlech Donnéeën hunn, déi ënnert den Dateschutz dierfte falen.

D’ADR reagéiert an engem Pressekommunikee op dës Situatioun. Esou Aktiounen gehéieren an Hänn vum Staat a vum Gesondheets- a Fuerschungssekteur, net an déi vun Meenungsfuerschungs-Firmen. De Fernand Kartheiser huet duerfir och direkt eng drénglech parlamentaresch Fro gestallt, fir weider Detailler iwwert dës Prozedur a virun allem de Schutz vu perséinleche medezineschen Date gewuer ze ginn.

Deel dëse Post: