Corona-Debatt: Merci fir all Asaz

De Fernand Kartheiser huet seng Chamberried iwwert de Corona-Noutstand ugefaang mat engem Merci. Merci fir all déi an der Regierung, an den Spideeler, an den Hëllefsdéngschter an all dééi aner, déi maachen, datt d’Land nach rullt. Dat misst net nëmme moralesch mee och materiell unerkannt ginn. De Fernand Kartheiser insistéiert awer och op d’demokratesch Ufuerderungen an enger Noutstandssituatioun an d’Roll vun der Oppositioun fir op eis Grondwäerter opzepassen.

Hien hieft d’Bedeitung vu Reserven fir eis d’Land erfir, sief et bei Petrol, Medikamenter oder medezineschem Material. Dat wär eng vun de Léieren, déi ee kéint aus dëser Kris zéien. Grad wéi d’Tatsaach, datt Lëtzebuerg all Intérêt huet, fir datt dëst Land fir Dokteren aus aller Welt attraktiv bleift. Eng pragmatesch Ried voller gudder Virschléi a guddem Wëllen fir konstruktiv matzeschaffen an d’Gesondheet vu Leit … a Land esou gutt wéi méiglech ze garantéieren.

 

Deel dëse Post: