Corinne Cahen soll demissionéieren!

D’Corinne Cahen weist skandaléisen Desintressi un hirer Aarbecht. Grad an den Altersheemer, wou dee gréisste Corona-Misär herrscht, ass vu Säite vun der Familljeministesch glat a guer näischt passéiert. D’Corinne Cahen huet sech bal net eemol an d’Sëtzunge beméit, wou iwwert d’Covid-Gesetzer diskutéiert gouf… Esou e skandaléist Feelverhalen huet dozou gefouert, datt den 1. Abrëll déi gesamten Oppositioun d’Demissioun vun der Familljeministesch gefuerdert huet. D’Regierung gesäit sech natierlech erëm net an der Verantwortung.

Deel dëse Post: