“Cookien” an Dateschutz

Leit, déi am Internet fir d’éischte Kéier ee bestëmmte Sitt uklicken, ginn oft mat Pop-up-Fënschtere konfrontéiert, déi vun der betreffender Persoun eng Zoustëmmung zum Placéiere vu Cookien erfuerderen. Just ee klengen Deel vun de Leit wëssen awer, datt si mat hirer Zoustëmmung Drëttubidder een ëmfaassenden Aktivitéitstracing erméiglechen an datt Cookien empfindlech perséinlech Donnéeë vum Internet-Benotzer späichere kënnen. Obscho Cookië legal an technesch noutwenneg sinn, gesi Konsumenten- an Dateschützer dës Fichieren dowéinst mat gemëschte Gefiller. Misst den Asaz vu Cookien op europäeschem Plang net reglementéiert ginn, fir d’Internet-Benotzer virun der Publicitéitsindustrie ze beschützen?

Deel dëse Post: