[BEÄNTWERT] Contributions et subventions pour les organisations européennes et internationales

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.

An Zäiten, wou muss gespuert ginn, ass et wichteg de Budget vun all Ministère op d’Noutwennegkeet vun den Depensen hin z’iwwerpréiwen.

An dësem Kontext hannerfreet d’ADR och déi finanziell Contributiounen a Subventioune vun eisem Land fir déi europäesch oder international Organisatiounen. De Projet de loi iwwert de Budget fir d’Joer 2013 gëtt dozou net genuch Präzisiounen.

Dowéinst well ech dës Froen un den Här Ausseminister stellen:

  1. Kann den Här Minister der Chamber eng detailléiert Opschlësselung vun alle lëtzebuergesche Contributiounen oder Subventiounen, souwuel a relative wéi an absoluten Zuelen, zu de verschiddenen europäeschen an internationalen Organisatioune ginn, an deenen eist Land Member ass oder aus soss Grënn contribuéiert?

  1. Kann den Här Minister der Chamber all Contributiounslëschte vun allen europäeschen an internationalen Organisatiounen zoukomme loossen, an deenen eist Land Member ass, oder zu deenen et soss contribuéiert, mat de Contributioune vun allen hire Memberstaaten, an de jeweilegen, aktuelle Verdeelungsschlësselen?

  1. Kann den Här Minister der Chamber eng detailléiert Opschlësselung no sougenanntenen „obligatoreschen“ a „fräiwëllegen“ Contributiounen oder Subventioune ginn, mat enger detailléierter Erklärung fir all fräiwëlleg Contributioun oder Subventioun souwuel iwwer hir Héicht wéi iwwer hiren Zweck?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean Asselborn, Ministre des Affaires étrangères

Deel dëse Post: