Contournement Hengescht: Wou ass dëse Projet drun?

Wou ass de Projet Contournement Hengescht drun an huet déi lescht Regierung hiert Versprieche gehalen, dozou en  APD (avant-projet détaillé) auszeschaffen? De Jeff Engelen huet nogefrot .

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Am Kader vun der Debatt iwwert d’Securisatioun vun der N7, déi den 1. Juli 2021 an der Chamber stattfonnt huet, huet den deemolege Minister fir ëffentlech Aarbechten, den Här François Bausch, sech och iwwert dee geplangte Contournement vun  Hengescht geäussert. Deemno wier et sou, datt e Gesetzesprojet iwwert dëse Contournement an der Ausaarbechtung wär. Dem Minister no sollt nach an der leschter Legislaturperiod (2018 – 2023) en APD (avant-projet détaillé) zum Contournement vun Hengescht ausgeschafft ginn.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Leit der Regierung, ewéi vum deemolege Minister ugekënnegt, schonn en APD iwwert de Contournement vun Hengescht vir? Wann nee, wéini ass mat dësem APD ze rechnen?
  2. Gëtt aktuell un engem Gesetzesprojet iwwert de Contournement vun Hengescht geschafft? Wou ass dëse Gesetzesprojet aktuell drun a wéi laang wäert et viraussichtlech nach daueren, bis dësen der Chamber zum Vott ka virgeluecht ginn?
  3. Huet d’Regierung schonn éischt Informatiounen doriwwer, wéini d’Aarbechten um Contournement vun Hengescht wäerte kënnen ufänken a wéi laang dës Aarbechte wäerten daueren?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen – Deputéierten

Deel dëse Post: