Consulting-Boîtten: Eise Staat huet d’Iwwersiicht verluer

De Süd-Deputéierte Fred Keup huet den 12. Mee eng Motioun an der Chamber deponéiert, wou hie fuerdert, datt der Chamber ab nächstem Joer a reegelméissegen Ofstänn e Rapport virgeluecht gëtt, wéi vill Suen de Staat u Consulting-Boîtten ausgëtt. Aus enger Rei parlamentarescher Froen, déi d’ADR gestallt huet, ass nämlech ervirgaangen, datt eise Staat komplett d’Iwwersiicht iwwert d’Finanzéierung vu Consulting-Boîtte verluer huet.

Deel dëse Post: