Conseil national des programmes: Professere sinn net gefrot!

D’ADR huet de 7. Februar an der Chamber géint e Schoulgesetz gestëmmt, well hei nees eng Institutioun kreéiert gëtt, déi net nëmmen onnëtz ass, mee déi och geféierlech ass an onfair, erkläert den Deputéierte Fernand Kartheiser. Si ass onfair géigeniwwer deenen, déi sech bis elo haaptsächlech ëm d’Ausschaffe vun de Programmer gekëmmert hunn. Gemengt sinn d’Professeren, déi als Experten am Unterrechtswiese gehandelt goufen an elo degradéiert an am eegenen Domaine entmuecht ginn. D’Kreatioun vun deem Conseil huet eng konkret politesch Absicht, déi duerch de Gesetzestext just verniwwelt gëtt. Et geet drëms lénks Ideologien an d’Schoul ze bréngen.

D’Gesetz huet d’Kreatioun vun engem Conseil national des programmes als Objet, sou wéi och d’Asetze vun nationale Kommissioune vum Enseignement fondamental an eng nei Base legale fir d’Kommissioune vum Enseignement secondaire.

Deel dëse Post: