Collège Médical beklot sech iwwer d’Regierung!

De Collège Médical ass zënter Jore ganz onzefridden iwwer d’Regierung, well des de Collège Médical kaum abënnt wann een neit Gesetz ausgeschafft gëtt. Déi laangjäreg Fuerderung vun den Doktere fir besser an de legislative Prozess matagebonnen ze ginn ass bis elo op daf Ouere gestouss. Firwat ass dat esou? De Jeff Engelen freet bei der Regierung no:        

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Minister vun der Sécurité Sociale weiderzeleeden.

An engem Schreiwes un den Här Staatsminister vum 18. Januar 2023 beklot sech de Collège Médical dass dësen, entweder guer net oder net genuch an de legislative Prozess agebonne gëtt. Dee Problem besteet, dem Collège Médical no, schonn zanter engem Jorzengt an de Collège Médical mécht d’Regierung och scho laang op dëse Problem opmierksam. Bis haut hätt sech awer nach näischt un der Situatioun geännert.

An deem Kontext hunn ech folgend Fro un d’Regierung:

Wëll d’Regierung de Collège Médical an Zukunft besser an de legislative Prozess mat abannen?

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen

Deputéierten

 

 

Deel dëse Post: