Coiffer a Kosmetik: Servicer nees erméiglechen!

D’Leit sollen net weider op de Coiffer an aner Kosmetikservicer verzichte mussen an hirer gewinnter Kierperhygiène nees nokomme kënnen. Eng Normaliséierung bedeit, datt och gewinnte Servicer am Beräich vun de Kosmetik nees musse méiglech sinn.

D’ADR denkt, datt, wéi am Ausland, och zu Lëtzebuerg wéinstens eng Rei kosmetesch Beruffer sollten d’Méiglechkeet kréien, wann och ënner bestëmmte Sécherheetsvirgaben, de Betrib nees opzemaachen an hir Clienten ze betreien.

 

Deel dëse Post: