E Patient, deen sech rezent am CHEM zu Nidderkuer opgehalen huet, huet an engem Lieserbréif vu fuerchtbare Virfäll beriicht. Den ADR-Süd Deputéierte Fernand Kartheiser an den Nord-Deputéierte Jeff Engelen wëlle wëssen, wat deemools wierklech passéiert ass. D’Dignitéit vum Mënsch, an daat gëlt besonnesch och fir eis eeler, krank oder méi schwaach Matbierger, ass fir d’ADR onuntaaschtbar!