Chancëgläichheet: Fair an onideologesch w.e.g.!

De Fernand Kartheiser gesäit et als äusserst kritesch un, datt den “Centre pour l’égalité de traitement” (CET) an Zukunft un d’Chamber rattachéiert gëtt.  Als Organ vun der Chamber kann de CET an Zukunft virun d’Justiz goen, eng an den Ae vum ADR-Deputéierten problematesch Situatioun, well net séchergestallt ka ginn, datt de CET fräi vun eegene politeschen Interessen ass an op déi Manéier eng Trennung vun de Pouvoiren net méi séchergestallt ka ginn. De Fernand Kartheiser verweist drop, datt Lëtzebuerg ee funktionéierende Rechtssystem besëtzt an et op kee Fall zu enger politescher Vereinahmung vum Rechtssystem kommen däerf.
Problematesch sinn och d’Methoden, mat deenen de CET well virgoen fir d’Chancëgläichheet sécherzestellen. Mam sougenannten “Testing” soll kontrolléiert ginn, op et zu Diskriminatioune kënnt – en onéierlechen an hannerlëschtege Kontrollmechanismus, deen zu zweiwelhafte Resultater féiert.

De Fernand Kartheiser iwwert déi onéierlech Method vum “Testing” (Video ‘1’11).

Wann de CET eng Table Ronde organiséiert mam Numm “Les enfants ont-ils besoin de mère(s) et père(s)?“ sief déi gefuerdert politesch neutral an onideologesch Astellung a Fro gestalt. Fir d’ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés) ass d’Lëtzebuerger Verfassung diskriminéierend wann se schreift: “Tous les luxembourgeois sont égaux devant la loi”.

Den ADR-Deputéierten erkläert hei, firwat d’Nationalitéit duerchaus ee legitimmen Differenzéierungsgrond ka sinn an “differenzéieren” net mat “diskriminéieren” ze verwiesselen ass. (Video ‘2”32).

Chancegläichheet ass d’Basis vun enger demokratescher Gesellschaft. D’ADR setzt sech dofir an, datt de Begrëff vun der Chancëgläichheet zu Lëtzebuerg net ideologesch a politesch mëssbraucht a beaflosst gëtt.

 

 

Deel dëse Post: