[Chambervideoe Fernand Kartheiser] Vëlospistë fir Sport an Touristen

D’ADR war fir d’Gesetz 6600 iwwer nei Vëlospisten an der Chamber, en Dënschdeg, de 24. Februar, wat jo och ouni Géigestëmm ugeholl ginn ass. De Fernand Kartheiser huet d’Regierung drun erënnert, dass si de Vëlo eigentlech wollt op kuerze Weeër an der Stad agesat gesinn, wat awer schwéier wär. Fir hien ass d’Gesetz dann och éischter eng Verbesserung vun der sportlecher an touristescher Infrastruktur. Den ADR-Deputéierten huet och op Geforen higewisen, a Virschléi gemaach, fir d’Investitioun méi kleng ze halen.

Och bei der Froestonn, déi en Dënschdeg um Ordre du Jour stoung, koum de Fernand Kartheiser zu Wuert. Hie wollt wëssen, firwat d’Resultater vun de leschten Europawalen zu Lëtzebuerg esou spéit public goufen an huet gefrot, op een dat an Zukunft kinnt besser maachen.

Deel dëse Post: