[Chamber – Video] : Jo zum Regierungssatellit

Wëll Lëtzebuerg méi déif an d’Täsch muss géifen, fir senge Verflichtungen géinteniwer der NATO nozekommen, huet d’Regierung beschloss, en eegene Satellit an de Weltall schéissen ze loossen. E Mëttwoch, den 10. Dezember 2014 huet de Fernand Kartheiser an der Chamber zum Gesetzprojet 6739 Stellung bezunn. Wann d’ADR ganz kritesch vis-à-vis dem Militärfliger ass, dee vun enger viregter Regierung bestallt gouf, esou huet den ADR-Deputéierte den Akkord vun der Fraktioun zum Satellit ginn, dëst wëll iwwert d’SES eng Lëtzebuerger Firma un dëser Aktioun bedeelegt ass. De Fernand Kartheiser huet sech bei senger Intervention dach iwwert déi Gréng verwonnert: elo wou se an der Regierung sinn, vertrieden se genau de Konträr vun deem wat se an der Oppositioun gesot. Do gëllt wuel, fir déi Grèng Fraktioun, den Arméikommando: „Demitour – Marche“.

Deel dëse Post: