[Chamber-Video]: Géint Pestizid-Gesetz a Bureaukratie

De Roy Reding huet sech den 11. Dezember géint dat neit Pestizid-Gesetz (Projet 6525) ausgeschwat. Et wär ze bureaukratesch a géing ze villen Instanze Kontrollen erlaben. Ausserdeem wären op der aner Säit weider Produiten zu Lëtzebuerg legal, vun deene gewosst ass, dass se um massive Beiestierwe mat Schold sinn.
Den ADR-Deputéierte weist och drop hinn, dass am Beräich vun de Pestizider vill wëssenschaftlech Etude sech widerspriechen. Hie werft d’Fro op, wéi eng Landwirtschaft mer wëllen an op mer bereet sinn, de Baueren de Verdéngschtausfall ze ersetzen, deen si géingen erleiden.
Kee Bauer, sou de Roy Reding, géing schliisslech wëssentlech an absichtlech säin eegene Grond a Buede vergëften. D’Gesetz ass ugeholl ginn, géint d’Stëmme vun der ADR an vun déi Lénk.

Deel dëse Post: