[Chamber-Video]: Fräiheet dank Nato

Méi héich hir goung et an der Chamber bei enger Interpellatioun vun déi Lénk iwwer d’Nato an d’Lëtzebuerger Hëllef, den 11. Dezember 2014. De Fernand Kartheiser huet sech verbueden, dass Leit him de Verrot u moralesche Wäerter géinge virwerfen, déi sech zum Kommunismus mat senge 70 Milliounen Affer bekennen.
Och wann d’Nato an d’USA net alles richteg gemaach hätten an déi lescht Operatiounen an Afghanistan, Syrien an dem Irak keng Succèse gewiescht wären, wär de kollektiven Engagement an der Nato de Grond vun eiser haiteger Fräiheet.
Demgéintiwwer wär déi Lénk mat hirer Ënnerstëtzung vum Kommunismus a mat hiren konfusen aussepoliteschen Theorië kee Partner, deen ee kinnt eescht huelen, sot de Fernand Kartheiser. Si willten eng serieux Baussen- a Sécherheetspolitik mat falschen Argumenter a Fro stellen.

Deel dëse Post: