[Chamber-Video] : Fir e sëchert Land

E Land, wou mer sécher kënnen zesumme liewen, verlaangt de Fernand Kartheiser a senger Interventioun an der Aktualitéitsstonn iwwer d’Abréch an der Chamber. Duerfir wëllt hie präzis Statistike mat méiglechst vill Detailer iwwer d’Auteure vun deene Verbriechen, och wat hier Nationalitéit an hire Wunnuert ugeet. Den ADR-Deputéierten ënnersträicht, dass de Rechtsstat wichteg ass, dass et doduerch awer net däerf derzou kommen, dass Verbriecher lafe gelooss ginn.
D’Polic e bräicht Moyennen, mais och d’Gefill de Réck gestäipt ze kréien. Gesetzer dierften net erlaben, dass Täter, déi festgeholl an identifizéiert goufen, nees lafe gelooss ginn. Dofir wären eng Rëtsch legislativ Lücken ze fëllen, och wat de Platzverweis an d’Biedelen ugeet. Schliisslech wär och de Geescht vu Schengen ze iwwerdenken. Gezielte Kontrolle misste méiglech sinn, oppe Grenze wäre fir éierlech Leit, net fir onéierlecher geduecht.
Iwwer all déi Punkte verlaangt de Fernand Kartheiser e soberen Debat, „ouni politesch Korrektness“, well ier ee sech géint Kriminalitéit kinnt wieren, misst ee genee wëssen, mat weem een et ze dinn hätt.

Deel dëse Post: