[Chamber – Video] : Courage beim Kampf géint d’Kriminalitéit

Wéi eng Mëttele gëtt de Staat sech, fir de Kriminellen de Kampf unzesoen ? De Fernand Kartheiser huet, am Kader vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber, en Donneschdeg den 12. Dezember 2014, duerzou fir d’ADR Stellung bezunn.

„Et geet net duer, ronderëm de Bräi ze schwätzen“, huet de Fernand Kartheiser gesot, an dobäi op d’Kriminalitéit higewisen, déi vun déisäit onse Grenze kënnt. Och hei muss de Staat de Courage hunn, sech déi néideg Mëttelen ze ginn, fir géint dës Täter virzegoen. Dës Mëttele mussen och esou gestallt ginn, datt d’Police déi néideg Motivatioun behält.

Deel dëse Post: