[Chamber-Video]: Bei der RN7 de Norden net verléieren

Bei enger Interpellatioun vum Deputéierten Aly Kaes iwwer den Ausbau vun der RN7 tëscht Fridhaff an der Schmëtt, huet de Gast Gibéryen den CSV-Mann gefrot, firwat hien nët intervenéiert hätt, wéi seng Partei un der Regierung war. Den Dossier iwwer d’besser Ubannung vum Nordenhätt viru 25 Joer schon de Koeppe Jhemp fir d’ADR vertrueden, ‘t wär awer ni eppes geschitt. De Gast Gibéryen huet esouguer de ganzen Historique vum geplangten Ausbau vun der RN7 gemaach, deen de Leit am Norde vum Land d’Liewen em esou vill méi lit kinnt maachen. D’Motioun fir e véierspueregen Ausbau gouf vun der Lénkskoalitioun ofgelehnt.

 

Deel dëse Post: