Chamber: Filmfong… an déi aner Kultur ? (VIDEO)

E Mëttwoch, de 16. Juli 2014, huet de Roy Reding an der Chamber beim Gesetz iwwert de Filmfong der ADR hir Stellung duergeluecht. Och d’ADR freet sech iwwert den Oscar fir „d’lëtzebuerger“ Filmindustrie. De Roy Reding bedauert awer staark, datt grouss finanzielle Mëttele fir de Filmfong zur Verfügung gestallt ginn, dobäi awer all déi aner Facettë vun der Kultur musse Kierzungen hinhuelen. Esou huet den OPL Orchester seng Tournée a China missen annuléieren, an d’UNI krut kee Budget fir en Ausstellung iwwert den 100 Joresdag vum 1. Weltkrich ze organiséieren, fir nëmmen des zwee Beispiller ze nennen.

Deel dëse Post: