Chamber: éischte Kommissiounsrapport op Lëtzebuergesch!

Zënter Jore setzt sech d’ADR konsequent a mat Iwwerzeegung fir d’Lëtzebuerger Sprooch an. An dat net just, wann et op Walen zougeet. D’Sproochegesetz ass kloer an definéiert Lëtzebuergesch als Nationalsprooch. Zousätzlech schreift d’Gesetz dem Lëtzebuergeschen d’Funktioun vun enger Verwaltungssprooch zou, déi nieft dem Däitschen a Franséische ka genotzt ginn. Aus deem Grond huet de Fernand Kartheiser, als designéierte Rapporteur vu sengem Gesetz iwwer d’Vermummung vum Gesiicht am ëffentleche Raum säi Rapport op Lëtzebuergesch geschriwwen. Dat ass en Novum hei zu Lëtzebuerg: Et ass deen éischte Kommissiounsrapport, deen an eiser Nationalsprooch verfaasst ass. 

 

Deel dëse Post: