Chamber: d’Fleegeversécherung (VIDEO)

En Dënschdeg, den 8. Juli 2014 ass an der Chamber eng Orientéierungsdebatt iwwert d’Fleegeversécherung (assurance dépendance) ofgehale ginn. Fir d’ADR huet de Gast Gibéryen Stellung bezunn. Als een, dee viru 15 Joer dobäi war, wéi d’Gesetz iwwert d’Fleegeversécherung gestëmmt gouf, konnt den ADR-Deputéierten dobäi och op den Historique zréck kommen.

„Mir kënnen als Land houfreg sinn, datt mer esou eng Versécherung hunn“, sot de Gast Gibéryen. Et ass eng Versécherung vir all d’Leit am Land, eng eenzeg Kees fir all Secteur, op Privat oder ëffentlechen Déngscht. Am grousse ganze fonctionnéiert d’Fleegeversécherung gutt, déi Leit déi se mussen an Usproch huele sinn zum gréissten Deel zefridden. Dowéinst kënnt d’ADR zur Konklusioun, datt wa punktuell Verbesserungen ubruecht sinn, et net kann drëms goe fir d’Rad nei ze erfannen.

Deel dëse Post: