De CGDIS ass eng staatlech Institutioun. Firwat ginn also hir Certificate just op Franséisch ausgestallt? A ville Fäll mussen dës opwänneg iwwersetze gelooss ginn, wat mat substantielle Käschte verbonnen ass. De Fred Keup wëll dofir Kloerheet!
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Wann ee beim CGDIS en Éischt-Hëllef-Diplom absolvéiert, kritt een dofir e Certificat ausgestallt. Dëse Certificat, deen ebe beleet, datt een un där Formatioun deelgeholl huet, ass a ville Fäll wichteg, fir virzeweisen. Deemno op wéi enger Universitéit een am Ausland Fächer ewéi z.B. Sportwëssenschafte studéiert, ass dësen Diplom eng Viraussetzung, fir iwwerhaapt un deem Studium kënnen deelzehuelen. Leider ass et awer sou, datt de Certificat fir den Éischt-Hëllef-Diplom just op franséisch ausgestallt gëtt.
Deemno si mir Fäll bekannt, wou Persounen dësen Diplom vun enger zertifizéierter Iwwersetzer-Firma hu missen op däitsch iwwersetze loossen, fir iwwerhaapt kënnen un engem bestëmmte Studium am Ausland deelzehuelen. Dës Iwwersetzung ass mat substantielle Käschte verbonnen. Dëst ass ëmsou méi onverständlech, well de CGDIS e staatleche Service ass, a Lëtzebuerg dräi administrativ Sproochen huet an net just eng.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:
- Firwat gëtt de Certificat fir den Éischt-Hëllef-Diplom just op Franséisch ausgestallt?
- Firwat ginn an deem Fall d’Nationalsprooch Lëtzebuergesch an déi weider administrativ Sprooch Däitsch géintiwwer dem Franséischen diskriminéiert?
- Gi systematesch all Certificaten, déi ee beim CGDIS fir déi divers Formatioune kritt, just op Franséisch ausgestallt?
- Gedenkt den Här Minister all déi Certificaten, déi beim CGDIS just op franséisch ausgestallt ginn, an Zukunft och op Lëtzebuergesch an Däitsch ausstellen ze loossen? Wa jo, a wéi engem zäitleche Kader ka mat der Ëmsetzung vun där Initiativ gerechent ginn? Wann nee, firwat net?
Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten