CETA: D’Chamber muss e Wuert matschwätzen! [Videoen]

An der Chamber, den 30. Juni: De Fernand Kartheiser deposéiert eng CETA-Motioun. Deen Text soll d’Regierung bannen, wéi mat Handelsofkommen ëmzegoen ass. Déi mussen, esou d’ADR-Fuerderung, an der Chamber kënnen diskutéiert ginn a net zu Bréissel hanner zouenen Diren. Dat war d’Reaktioun vun eiser Partei op dem Jean-Claude Juncker seng ondelikat Aktioun, fir ze behaapten, CETA géing nëmmen d’Kommissioun an d’Europaparlament eppes ugoen an net d’Parlamenter vun de 27 EU-Memberstaaten.

De Fernand Kartheiser huet zweemol iwwer säin Text geschwat: beim Deponéieren an och, wéi d’Motioun diskutéiert ginn ass. 55 Deputéierten hate net de Courage, se ze stëmmen, obwuel se all géint d’Prozedur vun der CETA-Verhandlunge waren. Mä wuel nëmme mam Mond, net wann et em eng Motioun geet. Mat der ADR gestëmmt hun Déi Lénk”. CSV a Gambia soen zwar, si wäre géint CETA, mä dat si si net, wann et wierklech drëm geet.

Deel dëse Post: