CDD am COVID19-Krisemenagement: Remuneratioun a Steiererklärung …

Iwwert e CDD a mat engem tarif horaire goufen déi Leit aus sanitäre Beruffer remuneréiert, déi sech bereet erkläert haten, beim Krisemanagement an der COVID-19-Zäit matzeschaffen. Nodeems déi éischt Remuneratioun dach laang op sech waarde gelooss huet, sollen et elo schonn erëm Problemer bei der Remuneratioun ginn.

Den Deputéierte Jeff Engelen freet bei der Regierung no, op deem wierklech esou ass. Hie freet no de Grënn a wëllt och wëssen, wéi déi Leit steierlech behandelt ginn.

 

Deel dëse Post: