Caritas an ADR: Gedeelte Suergen

“Lëtzebuerg 2060 – 1,1 Mio Awunner” ass den Titel vum Caritas-Sozialalmanach vun 2017. En Thema, deen d’ADR zënter hirem Nationalkongress 2015 zu Gilsdrëff an enger Ried vum Gast Gibéryen an d’politesch Aktualitéit geréckelt huet, an deen, wat d’Wale méi no kommen, och vun anere Parteien no a no entdeckt gëtt! Den Zentralstaat mécht trotz gudder Wirtschaftssituatioun Defizit, de Verkéier steet virum Kollaps, de Wunnengsbau ass total iwwerfuerdert, d’Integratioun an d’sozial Kohäsion gi méi schwéier. Ëmmer méi Leit am Land lafe Gefor, an d’Aarmut ze falen.

Net déi Leit vergiessen, déi et net packen …

D’Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs an hiren Direkter Robert Urbé waren den 21. Juni  fir e ganz informative Meenungsaustausch an eisem Fraktiounsbüro. D’Marie-Josée Jacobs gräift d’Thema “Zukunft Lëtzebuerg” op a freet, ob mir esou e Land, dat aus alle Néit platzt,  wëllen? Oder ob et nët un der Zäit ass, iwwer d’Organisatioun vun der Zäit (a besonnesch vun der Aarbechtszäit) vun all Mënsch an eisem Land nei ze diskutéieren. Caritas an ADR deelen och d’Suerg ëm déi Leit, déi et net packen … sief et, datt si net qualifizéiert genuch sinn oder well déi Aarbecht, déi si geléiert hunn, net méi gebraucht gëtt., Si fanne sech an där neier Gesellschaft net erëm, an déi nei Aarbechtswelt ass net flexibel genuch fir op hir Besoinen anzegoen.

D’Reform vum RMG, de Misär beim Wunnengsbau a méiglech nei Weeër an Hëllefe beim Wunnen waren dann och Sujeten, déi am Detail diskutéiert goufen. A propos Wunnen: 30.000 Stéit hei am Land hunn de Risiko vun der Aarmut. Dat wär de Minimum in erschwengleche  Wunnengen, déi ee géing brauchen, an dovun ass d’Land all Joer méi wäit ewech. Um Enn vun der Diskussioun sinn och déi praktesch Detailler vun der Flüchtlingspolitik ugeschwat ginn: D’Caritas betreit ronn 1.200 Flüchtlingen an 11 Foyeren, ouni datt et zu gréisseren Tëschefäll a Problemer komm wier. D’Marie-Josée Jacobs huet vu normalen Tëschefäll geschwat an vun eenzelne schwaarze Schof, op déi ee misst besonnesch oppassen.

 

Deel dëse Post: