Buschauferen a Gefor … a wéi een hëllefe kann

No der xter Aggressioun vu Buschauferen oder Zuchpersonal, wëll de Fernand Kartheiser méi Hannergrënn iwwer dës Strofdoten. Seng parlamentarescher Fro weist awer och méiglech Usäz fir d’Personal  vum ëffentlechen Transport besser ze schützen.

Fro

D’Gewalt am ëffentlechen Transport etabléiert sech als Dauerthema. D’Buschauffeure an d’Zuchpersonal si besonnesch dacks d’Affer vun Attacken. Fir dës Fro huele mir den Zäitraum vun 2014 bis elo. An dem Kontext, wéilt ech dës Froen un den Här Minister fir bannenzéch Sécherheet, d’Madamm Minister fir Justiz an den Här Minister fir Mobilitéit stellen:

  • Zeechent sech en eenheetlechen Täterkrees bei den Attacken op Buschaufferen an op d’Zuchpersonal of? Wie si majoritär déi Leit, déi hei aus der Roll falen, wat ass hiren Alter, wat sinn hir Originnen? Wéivill sinn der rechtskräfteg veruerteelt ginn? Zu wéi enge Strofe goufen déi Leit veruerteelt? Kann d’Regierung d’Attacken no Joeren zäitlech opschlësselen?
  • Wéivill Passagéier goufe bis elo ugegraff? Wéi eng Konsequenzen haten esou Doten?
  • Wat sinn generell d’Ursaache fir esou Ausenanersetzungen? Gëtt et e Muster, wéi esou Situatiounen eskaléieren?
  • Ass eng Schutzkabin fir d’Chauffere sënnvoll (a wie géing déi bezuelen)?
  • Wär eng Begleetpersoun am Bus wéi am Zuch sënnvoll? Wéi ginn d’Buschauffeure an d’Zuchpersonal op geféierlech Situatioune virbereed?Ginn d’Affer vu Gewaltdoten am ëffentlechen Transport psychologesch gratis begleed?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, vun der Justizministesch a vum Minister fir bannenzeg Sécherheet op d’parlamentaresch Fro n° 6040 vum 7. Abrëll 2022 vum Här Deputéierte Fernand Kartheiser.

 Den éierewäerten Deputéierten werft Froen zur Sécherheet am ëffentlechen Transport op a freet an sénger parlamentarescher Fro no der Envergure vun Attacken a méiglechen Moossnamen fir d’Sécherheet an d’Luucht ze setzen.

Zu Punkt vum Täterkrees kann d’Police keng detailléiert Zuelen zu den eenzele Froen liwweren. D‘Datebanke vun der Police erméiglechen et nämlech net, eng automatiséiert Recherche op sämtlech Incidenten zum Thema Gewalt am ëffentlechen Transport ze maachen an dobäi op de Beruff oder Statut vun der Victime (z.B. Buschauffer, Zuchpersonal, Passagéier am ëffentlechen Transport, asw.) oder den Uert, wou sech d’Infraktioun zougedroen huet (Bus, Zuch, Gare, asw.), ze filteren.

Ausserdeem féiert d’Police keng Statistiken iwwert den Alter oder d’Originne vun Tätere bei Strofdoten. D‘Veruerteelungen an déi verhaange Strofe leien ausserhalb vum Kompetenzberäich vun der Police.

D’Gesetz vum 19. Juni 2009 betreffend der Sécherheet am ëffentlechen Transport ass net am informateschen System vun den Justizautoritéiten (JUCHA) libelléiert. Am Fall vun Attacken ginn d’Buschaufferen am JUCHA als Victime agedroen. Am JUCHA ginn keng Informatiounen iwwert de Beruff vun der Victime agedroen, sou dass weder Statistiken zum Täterkrees (Alter an Originnen), nach zu der Unzuel vun den Verurteelungen oder der Unzuel vun Attacken op Passagéier, kënnen geliwwert ginn. Am Fall vun Attacken am ëffentlechen Transport gi folgend Artikelen als Infraktioun libelléiert:

  • Artikel 327 aus dem Code pénal (Menaces): Quiconque aura, soit verbalement, soit par écrit anonyme ou signé, soit par tout autre procédé analogue, avec ordre ou sous condition, menacé d’un attentat contre les personnes ou les propriétés, punissable d’une peine criminelle, sera puni d’un emprisonnement de six mois à cinq ans et d’une amende de 500 euros à 5.000 euros.

 La menace soit verbale, soit par écrit anonyme ou signé, soit par tout autre procédé analogue, d’un attentat contre les personnes ou les propriétés, punissable d’une peine criminelle, non accompagnée d’ordre ou de condition, sera puni d’un emprisonnement de trois mois à deux ans et d’une amende de 500 euros à 3.000 euros.

 Dans les cas prévus par cet article, le coupable pourra, de plus, être condamné à l’interdiction, conformément à l’article 24.

 Artikel 398 aus dem Code pénal (Coups et blessures):Quiconque aura volontairement fait des blessures ou porté des coups sera puni d’un emprisonnement de huit jours à six mois et d’une amende de 251 euros à 1.000 euros, ou d’une de ces peines seulement.

 En cas de préméditation, le coupable sera condamné à un emprisonnement d’un mois à un an et à une amende de 500 euros à 2.000 euros.

Och d’Opérateuren erstelle keng Täterprofiler an erfaassen och selbstverständlech keng Daten iwwer Alter oder Originnen.

D’Gesetz vum 19. Juni 2009 betreffend der Sécherheet am ëffentlechen Transport gëtt dem Transportminister och d’Méiglechkeet eng Persoun bis zu 1 Joer aus dem ëffentlechen Transport auszeschléissen.

Vun den Opérateuren vum ëffentlechen Transport goufen folgend Aggressiounen, opgedeelt op den

„Transport rail“ an op den „Transport par route“, tëschent 2014 a 2022 géigeniwwer Personal vum ëffentlechen Transport festgestallt:

 

  Transport rail
201

4

201

5

201

6

201

7

201

8

201

9

202

0

202

1

202

2 (1-

3)

Agressions

physiques

29 31 38 47 40 46 24 21 8
Agressions verbales   –

Insultes

 

76

 

85

 

80

 

86

 

80

 

66

 

67

 

77

 

30

Harcèleme

nt (sexuel)

1 3 1 2 1 1   2 1
Menaces 36 60 41 87 72 57 60 19 7
Menaces à l’appui d’un

objet

 

4

 

5

   

2

 

4

 

1

 

2

 

2

 
Nombre total 146 184 160 224 197 171 153 121 46

 

 

  Transport par route (AVL, RGTR, TICE, LUXTRAM)
201

4

201

5

201

6

201

7

201

8

201

9

202

0

202

1

202

2 (1-

3)

Agressions

physiques

12 13 7 9 22 15 8 15 4
Agressions verbales   –

Insultes

 

24

 

15

 

23

 

26

 

23

 

31

 

12

 

37

 

10

Harcèleme

nt (sexuel)

0 0 0 1 0 2 0 0 0
Menaces 7 10 20 16 18 26 16 6 2
Menaces à l’appui d’un

objet

 

1

 

4

 

4

 

4

 

1

 

2

 

0

 

2

 

1

Nombre total 44 42 54 56 64 76 36 60 17

Folgend Aggressioune goufen tëschent 2014 a 2022 géigeniwwer Passagéier festgestallt:

 

  Transport public
2014 2015 2016 2017 2018 2019 2020 2021 2022

(1-3)

Agressions physiques 18 7 6 9 7 7 18 24 12
Agressions verbales                   –

Insultes

 

13

 

7

 

11

 

22

 

17

 

21

 

28

 

41

 

14

Harcèlement

(sexuel)

11 7 7 7 7 11 12 8 6
Menaces 1 5 5 7 1 13 9 4 2
Menaces                  à l’appui  d’un

objet

 

1

 

1

   

1

 

2

   

1

 

1

 

1

Rixe            entre tierces

personnes

 

23

 

15

 

19

 

15

 

10

 

13

 

3

 

4

 

3

Nombre total 67 42 48 61 44 65 71 82 38

Wat di generell Ursaache fir esou Ausenanersetzungen sinn, sou erfaasst d’Police keng sou Donnéeë statistesch.

D’Opérateuren bestätegen awer, dass virum gratis ëffentlechen Transport am Joer 2020 d’Aggressiounen op d’Personal vum ëffentlechen Transport haaptsächlech op d’Billjeeskontroll an de Verkaf zeréck ze féieren waren. Vill Ausernanersetzungen schéngen säit Corona op d’Respektéieren vun der Maskeflicht zréckzegoen. Vu Säite vun den Opérateuren gouf de Chaufferen an och dem Zuchpersonal geroden, keng Konfrontatioun ze sichen och wann e Passagéier kee Mundschutz dréit.

Aner Eskalatioune fannen éischter dobaussen, op enger Gare, engem Pôle d’échange oder engem Arrêt statt.

D’Propositioun fir Schutzkabinne fir Buschaufferen koum op am Kader vun enger Entrevue Ausgangs 2021 tëschend de concernéierten Akteuren a Gewerkschaften a présidéiert vum Mobilitéitsminister. Prinzipiell gouf d’Iddi approuvéiert. Schutzkabinne kënne Buschauffeueren effektiv bei enger Aggressioun schützen

De Moment analyséieren déi zoustänneg Zervisser am Mobilitéitsministère an an der Verwaltung fir ëffentlechen Transport, zesummen mat de Busbedreiwer vum RGTR an der CFL, wat Sënn mécht a wat teschnesch machbar ass: et bleift zum Beispill ze définéieren, wéi en Niveau vun Ofsécherung soll agebaut ginn. Och stellt sech d‘Fro ob Kabinnen solle réckwierkend am existente Fuerpark nogerüst ginn. Et ass och festzestellen, datt verschidde Constructeure vu Bussë guer keng Léisungen ubidden, besonnesch net am regionale Fuerpark (Iwwerlandbussen).

All dës Elementer hunn och grouss Auswierkungen op de Käschtepunkt. Et kann een domat rechnen datt je no Modell a Sécherheetsniveau tëschend 1.000 an 17.000 Euro pro Kabinn fir en neie Bus veranschlagt ginn, bei Norüstungen nach méi. Eleng am RGTR fueren iwwer 1.400 Bussen.

An der Ausschreiwung fir d’RGTR-Exploitatioun, déi am September 2020 lancéiert gouf a wou d’Kontrakter am Juli 2022 operationnel a Kraaft trieden, ware keng Kabinne virgesinn. Et ass also deemno och 2022 kee Budget dofir virgesinn.

D’CFL wäert d’Ubrénge vun esou Viriichtunge beim Führerstand och bei zukënftegen Ausschreiwunge fir nei Busse berücksichtegen.

Bei der Police besteet eng Haaptmissioun doranner, d’Sécherheet vu Persounen an Eegentum ze assuréieren, och am ëffentlechen Transport. Dowéinst mécht d’Police reegelméisseg Patrullen a Kontrollen am Beräich vum ëffentlechen Transport an intervenéiert all Kéiers, wou en Incident gemellt gëtt. Zousätzlech ginn e puer Mol am Joer zesumme mat der Douane an den CFL präventiv Aktiounen organiséiert, dëst haaptsächlech an den Zich an op de Garen.

Fakt ass, dass d’Police sech regelméisseg matt de jeeweilegen Acteure vum ëffentlechen Transport austauscht a bei där Geleegenheet och Präventiounsmessage vermëttelt.

Fir d’Personal vun der CFL beschtméiglechst op geféierlech Situatioune virzebereeden, ginn a reegelméissegen Ofstänn Formatiounen organiséiert, wou ënnert anerem d‘Gestioun vu Konfliktsituatiounen thematiséiert gëtt.

D’Personal vun der CFL, dat Affer vun enger Aggressioun ginn ass, huet d’Méiglechkeet fir sech vun dem Service Psychologie gratis begleeden ze loossen.

Wat d’Fro zum Sënn vun enger Begleetpersoun an all Bus ugeet, ass ze bedenken dass wéinst der Gréisst vum Busnetz esou e System net realisabel wier. Eleng am RGTR ginn et iwwer 3.000 Chaufferen, zousätzlech zu deene vun TICE, CFL an AVL. Den Notzen stéing net am Verhältnis zum Opwand an dofir gëtt op aner Méiglechkeeten zréckgegraff sou wéi z.B. déi ernimmte Kabinnen a Kontrollen an eng generell Videoiwwerwaachung am ëffentlechen Transport.

Deel dëse Post: