
Bürokratie amplaz Naturschutz?
Am Juli koum et op ville Plazen am Land zu Iwwerschwemmungen, wéi Lëtzebuerg se säit Joerzéngten net méi kannt huet. Nieft den extreme Wierderphenomene goufen d’Leit och opgrond vun deenen extrem spéide Warnunge vun der Regierung oft iwwerrascht an hate meeschtens keng Chance méi, de Keller ze raumen an dacks mol net, hiren Auto nach ze réckelen. Och d’Campinge laanscht d’Sauer hunn en enorme Schued erlidden an entspriechend verknascht waren eis Flëss duerno. D’Regierung huet schliisslech dovu geschwat, déi betraffe Leit méiglechst „onbürokratesch“ ze ënnerstëtzen. Ma wat si dorënner versteet, léisst déif blécken. D’Leit, déi de Schued erlidden hunn, solle lo och nach bezuele fir hir weggeschwemmten Habséilegkeeten ze entsuergen. D’Flëss ze botzen, schéngt par Konter keng Prioritéit ze sinn. A sou eppes nennen déi Gréng dann och nach Naturschutz?
Kalenner
Dëst kéint Iech och interesséieren
- Eng Affär mat Explosiounskraaft ...
- Energieembargo géint Russland - Wourop mussen eis Betriber sech astellen?
- Absurd Regierungspolitik beim Biokraaftstoff!
- Affaire “Chefredakter vum Tageblatt”: Parquet gëtt Deputéierten Recht an verwarnt de Chefredakter vum Tageblatt
- 35 Joer Asaz fir d'Leit a fir d'Land