Budgetsdebatt: Fir e Land an deem mir gär liewen!

An den Interventioune vum Fred Keup a Fernand Kartheiser vum 24. Abrëll zu der Budgetsdebatt gëtt méi a méi däitlech, datt déi nei Regierung d’Gambiapolitik vun de leschte Jore quasi onverännert weiderféiert: Et gëtt weiderhin op Rekordwuesstem gesat, deen – ewéi och de Statec sot – d’Mëttelschicht an déi Leit mat manner Suen ëmmer méi an d’Prekaritéit dreift. Ewéi scho Gambia féiert d’Regierung déi onverantwortlech Scholdepolitik monter weider – an hypothekéiert domat elo schonns eis Kanner a Kandskanner. D’ADR féiert eng grondleeënd aner Politik fir Lëtzebuerg an huet eng konkret Virstellung, wéi mir Lëtzebuerg an Zukunft nees zu engem Land gestalte kënnen, an deem mir gär liewen.

Deel dëse Post: