An enger „rethoresch brillanter Ried“ – wéi en DP-Deputéierten duerno zouginn huet – huet de FErnand Kartheiser net vill gutt Hoer um Gambia-Budget gelooss.

An dësem Artikel fannt Dir d’Videoe vun der Ried vum ADR-Fraktiounschef, op déi d’Dokumenter op dëser Säit sech bezéien.

Budget 2021: Fir déi komplex Matière e bësse méi liicht ze maachen, pouste mir hei eng Rëtsch Dokumenter, déi an dem Fernand Kartheiser senger Budgetsried zitéiert oder ernimmt ginn. An et ass net wierklech e Wonner, datt sech villes ëm d’Klimapolitik dréit, déi riskéiert nach méi wéi ee Budget extrem ze belaaschten.

Nieft der Ried an dësen Dokumenter deponéiert de Fernand Kartheiser och eng Rëtsch Motiounen, déi mer esou bal dat offiziell ass, och hei Publikéieren.

  

 

Mer fänken u mat engem Lieserbréif vum Paul Heinen, dee sech besonnesch mat der Machbarkeet vun enger Energiewenn (mat erneierbaren Energien) befaasst. Hei ass säi leschte Lieserbréif op RTL. De Paul Heinen huet awer am Wort an op RTL scho méi wéi een exzellenten Text publizéiert.

D’Diskussioun iwwert Klimawandel ass och net esou eendäiteg, wéi dat an de Medien a vu grénger Regierungssäit duergestallt gëtt. En extrem fundéierten Artikel kënnt vum Björn Lomborg, Member vum Copenhagen Consensus Center, der Copenhagen Business School, der Hoover Institution a mat enger Léiertätegkeet op  der Stanford University. Et ass en Appell fir eng rationell Klimapolitik.

Kritesch ass och den Daachverband vun der Lëtzebuerger Industrie – d’FEDIL -, wat Lëtzebuerger Klimapläng ugeet.

An déi nemmlecht Richtung geet och de franséischen Ingenieur a Wirtschaftler Vincent Benard, deen an der Decarbonisatioun d’Enn vun der franséischer Wirtschaft gesäit.

De Statec huet ausgerechent, wéi wäit Lëtzebuerg mat den aktuelle Moossnamen all Klimaziler verfeelt. Déi orange Linn weist, wou et soll higoen bis 2030, déi blo an déi schwaarz Linnen weise vun 2020 un, wouhin et mat an ouni CO2-Steier a Wierklechkeet higeet. Fir esou e minimalen Effekt wëll d’Regierung eng vun deenen héchste, Annamen am Budget (d’Akzisen um Bensin an um Diesel) opzeginn.

Net manner opschlussräich ass en Dokument, wat de Finbanzminister perséinlech haut verdeelt huet. De Finanzkminister wëll mat esou Grafike vläicht weisen, datt Lëtzebuerg gutt do steet. Mee a Wierklechkeet weist hien de Leit heimat, datt all déi Milliarden, déi un d’südlech EU-Länner gefloss sinn (an déi Lëtzebuerg matbezillt), guer näischt un deenen hire schwaachen Wirtschaftsleeschtunge geännert huet.