Budget 2022: Eng Belaaschtung fir déi zukünfteg Generatiounen!

A senger Budgetsried vum 15. Dezember betount de Fernand Kartheiser, datt d’Situatioun ëm eis Staatsfinanze bei wäitem net esou roseg ass, wéi d’Regierung dat probéiert duerzestellen. Am europäesche Kontext ënnerstëtzt Gambia weiderhi monter eng Politik vum Vertragsbroch, déi ëmmer weider zu enger illegaler Vergemeinschaftung vun de Scholde féiert. Lëtzebuerg kënnt ëmmer méi no un d’30-Prozent-Mark vun de Scholden, gemooss um PIB. Virun der Gambia-Regierung louch d’Pro-Kapp-Verschëldung bei ronn 18.000 Euro, 2022 wäert se bei 29.000 Euro leien.

Lëtzebuerg mécht weider Scholden, ouni dobäi Kapital zeréckzebezuelen – eng Politik zu Laaschte vun den zukünftege Generatiounen. Den ADR-Fraktiounschef huet dann och eng ganz Rei konkret Propose gemaach, wou een am Staatsbudget konkret spuere kann an huet an deem Kontext der Chamber eng Rei Motioune virgeluecht. D’ADR gesäit et kritesch, datt eise finanzielle Bäitrag un d’EU ëmmer méi wiisst; Ministèren, déi ëmmer méi käschtenopwänneg Etüden an Optrag ginn, fir eng reng ideologesch Politik ze praktizéieren – z.B. d’Gender-Ideologie, awer och déi geplangten Etüd iwwert d’Lëtzebuerger Kolonialgeschicht (Lëtzebuerg hat ni (!) Kolonien)  stellen Ausgaben duer, déi mir eis roueg spuere kéinten. 

Do wou et wierklech sënnvoll wär fir ze investéieren, z.B. bei de steierlechen Erliichterunge bei den Elengerzéienden, déi engem ganz grousse Risiko ausgesat sinn, fir an d’Aarmut ze falen, do ënnerhëlt d’Regierung näischt. D’ADR hat iwwerdeems proposéiert, fir am Kader vum covid-bedéngte Chômage d’Ausgläichszuelung vun 80 Prozent op 100 Prozent an d’Luucht ze setzen – och do ass d’Regierung, a grad och d’ sozialistesch Kolleegen, net matgezunn. D’ADR huet am Kader vun der Budgetsried der Regierung op alle Fall de rosaroude Brëll vun der Nues gerappt.

Hei fannt Dir d’Motiounen, déi d’ADR am Kader vun der Budgetsdebatt an der Chamberdeposéiert huet:

 

Deel dëse Post: