Budget 2016: en ellene Spigel fir d’Regierung an déi Gréng

De Gast Gibéryen huet de 16. Dezember 2015 an der Chamber Positioun zum Budget 2016 geholl. Et war eng Ofrechnung mat der Regierungspolitik, déi sech gewäsch hat. Sachlech huet den ADR-Deputéierten der Regierung hir onkamoud Wourechte gesot. Besonnesch huet hien sech mat der kompletter Inkonsequenz vun de Grénge befaasst, déi nëmmen nach vu Nohaltegkeet schwätzen, awer keng maachen. De Gast Gibéryen huet bezweifelt, datt mat Gambia d’Regierung méi nohalteg ginn ass. Dat kéint och ne de grénge Budgetsrapporter Henri Kox verstoppen.

Kritiséiert huet de Gast Gibéryen virun allem, datt d’Regierung fir d’Land weider op héige Wuesstem setzt a keng Angscht huet, wann hei op eemol 1,1 Millioune Mënsche wunnen an d’halleft Land zoubetonéiert ass. Dofir huet hien un déi natierlech Grenze vum Wuesstem erënnert. [Clip 1 ab 9.30]

Net nohalteg ass och, kommende Generatioune Schold ze loossen, déi haut net zeréckbezuelt gëtt. D’Lëtzebuerger Finanzen si just esou gutt, well bis 2025 nach Iwwerschëss bei der Pensiounskeess ze erwaarde sinn. Wann de Regierungsdefizit méi kleng ginn ass, esou de Gast Gibéryen, da just, well d’Regierung massiv Steieren erhéigt huet. Ouni TVA, Krisesteier an Nët-Upasse vun der Steiertabell un d’Inflatioun wär den Defizit nach eng Kéier esou grouss wéi déi aner Kéier. An dat trotz dem Spuerpak, sot de Gast Gibéryen un d’Adress vun der DP, déi sech gär géing d’Partei vun de Steiererliichterunge nennen. [Clip 2 16.20]

Wat d’Steierreform ugeet huet den ADR-Deputéierten nach eng Kéier gefuerdert, d’finanziell Situatioun ze analyséieren amplaz sech géigesäiteg bei Steiererliichterungen ze iwwerbidden. D’ADR ass fir d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun a fir käschtenneutral Vereinfachunge bei de Betriber. Op de Problem vun der Altersaarmut misst opgepasst ginn an et kéint net sinn, datt eng Wittfra oder e Wittmann nees géing wéi e Jonggesell besteiert ginn.

Kloer Wierder goufen et och bei der Familljepolitik, wou de Gast Gibéryen dem Staat seng Grenze weist. A well e grénge Budgetsrapporter jo den Tram muss luewen, huet den Deputéierten nach eemol der ADR hir Meenung zum Tram gesot.  A wa schonn Tram, dann awer mam Verkéiers- a Parkchaos, deen den Tram bedeit. Et ass Nee!

Aus all deene Grënn, esou d’Conclusioun, stëmmt d’ADR de Budget net … an eigentlech dierften och déi Gréng d’Zuelewierk, dat alles anescht wéi nohalteg ass, net stëmmen.

 

Deel dëse Post: