Brutal Jugendbanden a Gewalt: D’Regierung muss sech erklären!

D’ADR ass entsat an déif besuergt iwwer ëmmer méi Kriminalitéit vu Jonken. Onvergiess sinn de Mord un engem Jonken zu Bouneweeg, d’Gewalt vu Mannerjärege géintiwwer Polizisten a Giischtercher a ganz rezent och déi grujeleg Zeen am Aterter Lycée, wou ee Jonke vun zwee anere brutal geschloe gouf an dat Ganzt och nach gefilmt gouf. Haut wor an engem Zeitungsartikel ze liesen, datt hannert esou Gewaltdoten dacks eng organiséiert Jugendkriminalitéit stécht, déi den Autoritéite wuel bekannt ass, mee géint déi d‘Regierung trotzdeem näischt wëll ënnerhuelen. Zynescherweis soll déi Kriminalitéit och nach ënnert dem Begrëff „Happy slapping“ („Freedegt Schloen“) lafen. Wou féiert dat hin? Firwat toleréiert dës Regierung esou Entwécklungen?

Et ass fir d’ADR absolutt inakzeptabel, datt d’Kriminalitéit, besonnesch géint Persounen, dorënner och vill Kanner a Jugendlecher, an eisem Land permanent zouhëlt an datt d’Regierung offensichtlech net wëlles oder einfach incapabel ass fir dogéint virzegoen. Wann d’Regierung net endlech duerchgräift, si personell Konsequenzen op Regierungsniveau absolutt noutwenneg.  

D’ADR huet haut eng dréngend gemeinsam Sëtzung vun deenen zoustännege Chamberkommissioune fir Jugend, Justiz a Bannenzeg Sécherheet gefuerdert, an zwar a Presenz vun deene verantwortleche Regierungsmemberen. 

D’ADR fuerdert dréngend déi haaptsächlech zoustänneg Ministeren, Kox an Tanson, op:

  • transparent ze kommunizéieren an ze soen, wat si wëssen a firwat si näischt ënnerhuelen;
  • ze erklären, wéi si an Zukunft wëlle virgoen an ob d’Jugendstrofrecht net misst nei geduecht ginn;
  • duerzeleeën, wéi si den Affer wëllen hëllefen a wéi dës solle geschützt ginn, och konkret fir d’Omertà an esou Gewaltsituatiounen ze briechen;
  • e Konzept ze presentéieren, wéi si gedenke weider Strofdoten ze verhënneren, Jugendbanden ze bekämpfen an ze neutraliséieren an  d’Mënschen hei am Land dauerhaft virun esou Intensivtäter ze beschützen.

D’ADR ass decidéiert fir dofir ze suergen, datt d‘Regierung sech net kann hirer Verantwortung entzéien! An dësem Kontext huet d’ADR haut eng parlamentaresch Fro un d’Regierung geriicht..

Pressematdeelung vum 22.7.22

 

 

Deel dëse Post: