Broschür iwwer “intersexuell” Puppelcher

D’Madamm Familljeminister léisst aktuell eng Broschür iwwert d‘Allgemengmedeziner verdeelen, mam Titel „Weiblich? Männlich? Ihr intergeschlechtliches Kind“. Dës ass vun der „Schwulenberatung Berlin“, Queerleben, Inter* an d’Trans*Beratung ausgeschafft ginn. D’Fro vun „intersexuelle“ Bëbeeën ass wuel reell, awer vill méi kleng wéi an der Broschür uginn. De Problem betrëfft statistesch ongeféier ee Kand am Joer zu Lëtzebuerg.
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser stellt ënner anerem d’Fro: “Géing et net duer goen, d’Dokteren an d’Personal an de Maternitéen op des méiglech Situatioune virzebereede fir an deene rare Fäll déi et gëtt den Eltere kënnen déi néideg Berodung no dem Accouchement kënnen ze ginn an eventuell Decisioune kënnen ze huelen?”

Deel dëse Post: