Brigadiere bei der Police an hir Schwieregkeeten

Néng Leit waren an der Promotioun 27 fir Brigadier bei der Police ze ginn. Si sinn den 13. Dezember 2016 vereedegt ginn, haten awer virdru mussen hiren Aarbechtsvertrag verlängeren, well anscheinend an der Verwaltung eppes schif gaang war. De Fernand Kartheiser freet an enger parlamentarescher Fro ënnert anerem, ob derfir gesuergt ass, datt deene Leit wéinst dëser Verspéidung kee Schued an der Karriär entsteet.

Deel dëse Post: