Bréiwer zwee Deeg nom Maart

Bréiwer brauchen haut méi laang fir vun der Post verdeelt ze gi wéi fréier. Snail Mail – Schleeckepost – soen jo d’Frënn vum Digitale gär  e bësse spöttesch fir d’Bréifpost. Fakt ass, datt, trotz aller Digitaliséierung, d’Post haut méi laang brauch fir hir Bréiwer ze verdeelen, wéi viru 15 Joer. An dat ass onkamoud, well ganz vill wichteg Dokumenter mat Delaien nach ëmmer esou “almoudesch” verdeelt ginn. Duerfir freet de Fernand Kartheiser no, firwat d’Qualitéit vum Postzerwiss an dësem Fall esou ofgeholl huet.

Deel dëse Post: