Booster-Impfungen: Wéi vill Leit am Land si betraff?

Am Hierscht ze Joert huet d’Santé fir bestëmmte Persounegruppen eng zweet Boosterimpfung recommandéiert. Dës zousätzlech Dosis wär, der Santé no, fir all Leit déi iwwer 60 Joer al  sinn a vulnerabel Persounen tëscht 12 a 59 Joer. D’Recommandatioun fir eng 4. Dosis goung och u schwanger Fraen an d’Personal aus dem Gesondheetssecteur.

De Jeff Engelen freet bei der Gesondheetsministesch no:

  1. Wéi vill Leit krute bis elo en zweete Booster, respektiv eng véiert Covid-Impfung?
  2. Wéi grouss ass den Interessi fir esou eng véiert Impfung bei deenen ugeschriwwene Persounen?
  3. Gëtt et scho Bestriewunge fir eng fënneft Impfung (drëtte Booster)?

 

Deel dëse Post: