Blozongekrankheet: Wéi effizient gouf reagéiert?

Schonn 28 Betriber hunn zu Lëtzebuerg mat der Blozongekrankheet ze kämpfen. An enger parlamentarescher Fro wëllen d’Alexandra Schoos an de Jeff Engelen gewuer ginn, wéi effizient déi zoustänneg Autoritéite reagéiert hunn.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Den 2. August gouf zu Lëtzebuerg den Noweis vun der Blauzungenkrankheet (BTV Serotyp 3) duerch e Referenzlabo bestätegt. Bis elo gouf matgedeelt, datt 39 Déieren infizéiert sinn an am Ganzen 28 Betriber betraff sinn. Wéi et an enger Pressematdeelung vum Landwirtschaftsministère heescht, huet déi Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) eng Impfcampagne organiséiert.

An deem Zesummenhang géife mir der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Impfdose goufen am Ganze bestallt?
  2. Ass séchergestallt, datt genuch Impfdosen do sinn, fir widderhuelten Impfungen ze garantéieren?
  3. Goufe bei der Bestellung och d’Schofsbestänn berécksiichtegt? Wa jo, wéi vill Dose goufe fir d’Impfe vun de Schofsbestänn bestallt?
  4. Wéini genee huet d’ALVA den Impfstoff bestallt, wëssend, datt dëse scho säit dem 8. Juni liwwerbar war?
  5. Firwat war den Impfstoff eréischt ab dem 8. August iwwert d‘ALVA verfügbar, wëssend, datt d’Immunitéitsbildung bei Ranner circa sechs Wochen dauert a bei de Schof circa dräi Wochen?
  6. Gëtt elo a Betruecht gezunn, déi betraffe landwirtschaftlech Acteuren ze entschiedege fir eventuell Schied, déi duerch déi ze spéit Ausliwwerung vum Impfstoff optrieden?

Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos / Jeff Engelen

Deel dëse Post: