Blanne Manöver op Käschte vun der Gesellschaft

Legislativ Hyperaktivitéit, aschneidend Mesuren ouni faktuell Grondlag an de Verloscht vun der familiärer Normalitéit op Chrëschtdag – all dat ass d’Politik vu Gambia 2. Den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen zweiwelt a senger Interventioun vum 24. Dezember dann och un der sanitärer Logik an der Effikassitéit vun enger Ausgangsspär, déi elo schonn ab 21:00 Auer komme soll. D’ADR ass iwwerdeems entsat driwwer, datt et de Fleegesecteur am Beräich vun den Altersheemer (COPAS) selwer war, deen a Form vun engem Dräi-Stufe-Plang e konkret Konzept ausgeschafft huet, fir déi eeler Leit ze protegéieren a mat méi Mënschlechkeet ze behandelen. D’Regierung huet dëse Plang akzeptéiert. D’ADR seet der COPAS Merci dofir, datt si déi Initiativ a Verantwortung weist, un där et der Regierung dramatesch feelt. A kengem Secteur huet d’Regierung nämlech méi versot, wéi beim Schutz vun eisen eelere Matbierger, déi an engem Heem liewen.

D’Onverhältnisméissegkeet an d’Feele vu wëssenschaftleche Fakten, wat d’Verhänke vun de Restriktiounen am Kader vu Covid-19 ugeet, ginn iwwerdeems net nëmme vun der ADR ugeprangert, mee och vun der Mënscherechtskommissioun, an dat schonn zënter dem Ufank vun der Kris.

 

Deel dëse Post: