Bierger vu Lëtzebuerg: Fuerdert de Referendum!

Geet et Gambia an der CSV no, soll eist Land duerch eng nei Verfassung grondleeënd ëmgekrempelt ginn, ouni (!) datt d’Bierger e Matsproocherecht hunn. Domat briechen CSV, DP, déi Gréng an d’LSAP iwwregens hiert Walverspriechen. Déi véier Partien haten an hirem leschte Walprogramm nämlech stoen, datt d’Bierger via Referendum an d’Politik abezu géife ginn. 

D’ADR hëlt hiert Verspriechen. Den 20. Juni deponéiert den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser eng Resolutioun an der Chamber, déi fuerdert, datt d’Bierger an d’Diskussioun ëm d’Verfassungsreform matabezu solle ginn. Mir réckelen net of vun der Iddi vun engem Referendum!

Deel dëse Post: