Biekerech: Froen un zwee gréng Ministeren

D’Madamm Ëmweltminister ass an der Affär vum Biekerecher Bongert, deen ouni Geneemegung ewech gemaach ginn ass, an der Kritik. Net fir d’éischt an de leschte Méint. En neit Element aus engem Lieserbréif, deen an eenzelne Presseorganer verëffentlecht ginn ass, betrëfft elo d’Madamm Kulturminister Sam Tanson. Well net nëmmen Uebstbeem an Hecken, och eng Scheier ass op deem Schantge vun enger Crèche ewech gemaach ginn, ouni datt iwwerhaapt eng Geneemegung gefrot war.  Et ass schonn net schéin, wann zwee Ministere vun där nemmlechter Partei parlamentaresch Froen zu der nämmlechter Affär musse beäntweren. Méi komplizéiert gëtt d’Biekerecher Geschicht nach doduerch, datt d’Proprietärin vun der Crèche, déi scheinbar gutt ouni Geneemegungen auskënnt, d’Fra vun enger héichrangeger grénger Politikerin ass. An doduerch, datt anscheinend d’Geneemegungsprozeduren op der Gemeng Biekerech relativ large gekuckt ginn. De Fernand Kartheiser probéiert, den Duerchernee ze entwurrelen.

Deel dëse Post: