Bezuelung vun externe Mataarbechter an der ENEPS

An der ENEPS si vill extern Mataarbechter ugestallt. De Jeff Engelen freet no, wéi déi bezuelt ginn.

Fro:

Laut dem rezent publizéierten Aktivitéitsbericht vum Sportministère vum Joer 2022 huet d‘Ecole nationale de l’Education physique et des Sports (ENEPS) d’lescht Joer nieft hirem eegene Personal 254 Chargé-de-coursen, 11 Professeren a 87 extern Experten, also insgesamt 352 extern Mataarbechter beschäftegt.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi genau ginn d’Chargé-de-coursë vun der ENEPS bezuelt?
  • Verschidde Chargé-de-coursë sollen no der Iwwerstonnereegelung am Enseignement Secondaire laut Règlement grand-ducal vum 24.7.2007 bezuelt ginn. Kann den Här Minister dat confirméieren?
  • Wann net, no wéi enger Formule ginn dës Chargé-de-coursen da bezuelt an op wéi ee Règlement grand-ducal gëtt sech hei beruff?
  • Wéi géif an dësem Kontext de genaue Stonneloun bei engem fiktive Beispill vu 5000 Euro Bruttoloun ausgesinn?
  • Wéi erkläert sech den Här Minister dësen Ënnerscheed?
  • No wéi enger Reegelung an no wéi engen aarbechtstechnesche Bestëmmunge ginn déi aner extern Mataarbechter vum ENEPS bezuelt bzw. agestallt?
  • Wéi gëtt an dësem Fall de Stonneloun berechent?

Äntwert:

1)Wéi genau ginn d’Chargé-de-coursë vun der ENEPS bezuelt?
D’Chargé-de-coursë gi pro Unité de formation vu 50 Minutte bezuelt. D’Bezuelung gëtt en fonctioun vun hirem Statut (Statsbeamten oder Tiers) iwwert ee jeeweileg separate Budgetsartikel gemaach.

2) Verschidde Chargé-de-coursë sollen no der Iwwerstonnereegelung am Enseignement Secondaire laut Règlement grand-ducal vum 24.7.2007 bezuelt ginn. Kann den Här Minister dat confirméieren?
Dëst kann net confirméiert ginn.

3) Wann net, no wéi enger Formule ginn dës Chargé-de-coursen da bezuelt an op wéi ee Règlement grand-ducal gëtt sech hei beruff?
D‘Tariffer ginn aktuell iwwert eng Decisioun vum Regierungsrot festgeluecht, sou wéi et am Kadergesetz vun der ENEPS virgesinn ass. De Regierungsrot huet sech a senger Decisioun vum 21. Dezember 2001 un där deemools applizéierter Formel vun der Education Nationale fir Iwwerstonnen inspiréiert, fir se fir d’ENEPS fir d’Sportsproffen an d’Dokteren ze iwwerhuelen.
D’Formel déi zënter 2001 ugewannt gëtt ass folgend:
Nombre de points indiciaires x valeur du point indiciaire x (nombre indice :100) x (1:22) x (1:52)
Bei de Sportsproffen zielt also d’Anciennetéit an de Punktwäert fir den Tarif auszerechnen. D’Dokteren ginn entspriechend dem leschten Echelon vun der Carrière E7 an dem Punktwäert bezuelt.
Fir alleguer déi aner Chargé-de-coursë ass den Tarif 60 EUR brutto pro Unité de formation.
Zukünfteg wäerten d‘Tariffer awer an engem Règlement grand-ducal festgehale ginn. De Gesetzesprojet N° 8090 deen aus der ENEPS den INAPS, also den Institut national de l’activité physique et des sports, schaaft, ass den 3. November 2022 an der Chamber deposéiert ginn. Parallel hunn d’Aarbechten un engem Projet de règlement grand-ducal ugefaangen, deen déi applikabel Tariffer fixéiert. Dësen ass den 22. Mäerz am Regierungsrot ugeholl ginn, fir dass en zäitgläich mam neie Gesetz géif a Kraaft trieden.
Besoten Text gesäit vir, dass d’Tariffer zukünfteg ofhängeg vun der Qualifikatioun vum Chargé
de cours tëscht 60 EUR an 110 EUR brutto pro Unité de formation leien.

4) Wéi géif an dësem Kontext de genaue Stonneloun bei engem fiktive Beispill vu 5000
Euro Bruttoloun ausgesinn?
Bei engem fiktive Bruttoloun vu 5.000 Euro wat ongeféier 225 Punkten (points indiciaires)
entsprécht, wier de Bruttotarif fir 1 Unité de formation vu 50 Minutte 40,36 Euro. D’Carrière
vun deene concernéierte Chargé-de-coursë variéiert jee no Anciennetéit tëschent 340 a 560
Punkten.

5) Wéi erkläert sech den Här Minister dësen Ënnerscheed?
D’Variatioun vum Tarif ass ofhängeg vun der Qualifikatioun vum Chargé-de-coursë. Am
aktuellen Text sinn ausserdeem verschidden Tariffer index- an anciennetéitsgebonnen an
anerer net. Am uewe genannten neie Projet de règlement grand-ducal sinn alleguer d’Tariffer
indexgebonnen a vun der Qualifikatioun vum Chargé-de-cours ofhängeg. Déi aktuell uewe
genannte Formel wäert net méi ugewannt ginn an d’Tariffer wäerten entspriechend och net
méi anciennetéitsgebonne sinn.

6) No wéi enger Reegelung an no wéi engen aarbechtstechnesche Bestëmmunge ginn
déi aner extern Mataarbechter vum ENEPS bezuelt bzw. agestallt?
Extern Mataarbechter, dorënner d’Sportsproffen, mee och aner Experten an hiren Domainer,
schaffe mat der ENEPS Formatiounen oder Konzepter aus, geneesou wéi didaktescht Material,
dat an de Formatioune benotzt gëtt. Bei de Proffe kann d‘Zesummenaarbecht och iwwert de
Wee vun Dechargen oder Detachementer vum MENJE lafen.
Et kann och sinn, dass eng punktuell Assistenz vun aneren nationalen (z.B. Sportpsychologen,
Ernierungsberoder, national technesch Direktere vun de Sportverbänn, asw.) oder
auslänneschen Experten néideg ass fir an engem spezifeschen Domaine d’Kompetenz hei am
Land aus- oder opzebauen. Déi ginn dann, opgrond vun hire Qualifikatiounen, ausgewielt. Et
handelt sech heibäi net ëm intern Mataarbechter vun der ENEPS mee ëm „Prestataires de
service“.

7) Wéi gëtt an dësem Fall de Stonneloun berechent?
Aktuell ginn dës extern Mataarbechter vun der ENEPS via eng „convention de prestation de
services“ bezuelt. Den Tarif deen hei applizéiert gëtt ass 60 Euro brutto pro Stonn.
Zukünfteg wäert dësen Tarif och am uewe genannte Règlement Grand-Ducal fixéiert ginn.

Deel dëse Post: