Bezierkskongress Süden: Eenheet an Optimismus

De Bezierk Süde vun eiser Partei hat säi Kongress den 22. Februar am Beetebuerger Veräinshaus. Ee Wee fir der Beetebuerger Sektioun fir hir gutt Aarbecht an hire Succès bei de Gemengewale Merci ze soen. D’Sektiounspresidentin Pierrette Koehler konnt  de Parteipresident Dr Jean Schoos, déi zwee Süddeputéierte Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser, de Bezierkspresident Zentrum Mario Daubenfeld an d’Gemengeréit Patrick Kohn (Beetebuerg) a Vic Haas begréissen.

D’programmatesch Ried vum Kongress, geleet vum President Guy Bouchard, gouf vum Fernand Kartheiser gehalen. Hien ass op déi aktuell politesch Dossieren agaangen an huet de Walkampf analyséiert. Eng CSV, déi wëlles ass, d’Gambia-Gesellschaftspolitik matzedroen, an eng gréng Partei, déi all hir Idealer verrroden huet, wäerten d’Haaptgéigner vun der ADR bei de Nationalwalen am Oktober sinn.

De Parteipresident Dr Jean Schoos huet sech an där Konstellation optimistesch gewisen fir d’Walen, besonnesch mat enger Partei, an där all Mensch un engem Strang zitt.

 

Deel dëse Post: