Betruechtungen zum aktuelle Walsystem an Iwwerleeunge fir Verbesserungen

Fir d’Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war de Roland Kirsch Kandidat am Bezierk Norden. Hien huet sech Gedanke gemaach iwwert de Lëtzebuerger Walsystem.

Schonns am Virfeld vun de virgezunne Walen am Oktober wor et kloer, datt déi aktuell Opdeelung a 4 Bezierker mat ënnerschiddlecher Zuel vun Deputéierten zu enger ongerechter Verdeelung vun den Deputéiertemandater géing féieren. Duerfir ass elo de Moment komm, wou een a Rou déi effektiv Resultater kann ënnert d`Lupp huelen. Fir d’Auswäertung hunn ech mech op déi gülteg Stëmmziedele bezunn.

Norden Osten Süden Zentrum
Deputéiert 9 7 23 21
Gülteg Stëmmziedelen 37210 28907 81294 56600
Stëmmen Total 318099 194458 1672663 1091453
Gülteg Stëmmziedele pro Mandat 4134 4130 3535 2695

Tabell 1: Undeel vun de gültege Stëmmziedele pro Mandat

Dës éischt Tabell weist kloer, datt am Norden an am Osten op e Mandat méi wéi anerhallef Mol esou vill Walziedele fale wéi am Zentrum. Dat bedeit an aner Wierder, datt en Deputéierten am Norden an Osten ca 4130 Wieler vertrëtt, en Deputéierten am Zentrum awer nure knapp 2700.

Nach méi däitlech weist eis den nächste Vergläich d’Diskrepanz an der Bewäertung vun dem Stëmmenundeel fir ee Mandat.

Norden Osten Süden Zentrum
Deputéiert 9 7 23 21
Stëmmenundeel pro Mandat a % 11,11 14,29 4,35 4,76

Tabell 2:Stëmmenundeel a Prozent pro Bezierk fir ee Mandat

Hei gëtt et eng de facto 11%- resp. eng 14%-Klausel fir Norden an Osten. Domat ginn natierlech automatesch déi méi kleng Parteien aus dem Renne geheit (wann ee vu kleng ka schwätze bei iwwer 10% Stëmmenundeel; an Däitschland hätte mer ënnert deene Konditioune nuren nach 2 Parteien am Bundestag).

Dës zwéin einfach Vergläicher weisen déi onbedéngt Noutwennegkeet, de Walsystem ze änneren.

Déi aktuell Rechemethod

Kucke mer eis fir d’éischt déi aktuell Rechemethod un. Si ass festgeluecht nom Art. 159 an 160 vum revidéierte Walgesetz vum 18. Februar 2003.

Art. 159.- Le nombre total des suffrages valables des listes est divisé par le nombre des députés à élire augmenté de un.

On appelle «nombre électoral» le nombre entier qui est immédiatement supérieur au quotient ainsi obtenu.

Chaque liste reçoit à la répartition autant de sièges que le nombre électoral est contenu de fois dans le nombre des suffrages qu’elle a recueillis.

Art. 160.- Lorsque le nombre des députés élus par cette répartition reste inférieur à celui des députés à élire, on divise le nombre des suffrages de chaque liste par le nombre des sièges qu’elle a déjà obtenus augmenté de un; le siège est attribué à la liste qui obtient le quotient le plus élevé. On répète le même procédé s’il reste encore des sièges disponibles.

Dës Method gesäit sech ganz wëssenschaftlech un, huet awer just den Zweck, déi grouss Parteien nach méi ze stäerken.

Ech proposéieren eng einfach Method, déi liicht nozevollzéien ass an dozou nach eng méi gerecht Opdeelung vun de Sëtzer garantéiert. Ech nennen dës Method „Proportional-Method“, well d’Sëtzer proportional zum Sëmmenundeel verdeelt ginn.

Zur Illustratioun hei d’Berechnung fir den Norden:

Lénk ADR KPL DP Piraten Gréng LSAP CSV PID
Total Stëmmen 8138 20246 2575 75426 10733 28646 54788 107163 10384 318099
Stëmmenundeel (%) 2,558 6,365 0,809 23,711 3,374 9,005 17,224 33,689 3,264 100
Mandater theoretesch 0,23 0,57 0,07 2,13 0,30 0,81 1,55 3,03 0,29 9,00
Direktmandater 2 1 3 6
Reschtsëtzundeel 0,23 0,57 0,07 0,13 0,30 0,81 0,55 0,03 0,29 3,00
Zousazmandater 1 1 1 3
Mandater pro Partei 0 1 0 2 0 1 2 3 0 9
Mandater no der
aktueller Method
0 0 0 2 0 1 2 4 0 9

Stëmmundeel fir 1 Mandat:    11,11% (100% gedeelt duerch 9 Mandater)

Tabell 3: Stëmmeverdeelung fir den Norden no der Proportional-Method

1. De Stëmmenundeel a Prozenter gëtt an theoretesch Mandater ëmgerechent: de Stëmmenundeel vun all Partei gëtt duerch de Stemmenundeel fir 1 Mandat gedeelt.
2. De Betrag virum Komma ergëtt déi direkt Mandater. Sou gi fir den Norden 6 Mandater direkt verdeelt.
3. De Reschtsëtzundeel ass de Betrag hannert dem Komma.
4. Déi Mandater, déi nach verdeelt musse ginn, ginn un déi Parteie mat dem gréisste Reschtsëtzundeel.

Déi sou erreechte Sëtzverdeelung wier däitlech méi gerecht wéi déi folgend Tabell weist:

Lénk ADR KPL DP Piraten Gréng LSAP CSV PID
Stëmmenundeel (%) 2,56 6,37 0,81 23,71 3,37 9,01 17,22 33,69 3,26
Aktuell Mandater pro Partei 0 0 0 2 0 1 2 4 0
Aktuell Mandater a Prozent 0 0 0 22,22 0 11,11 22,22 44,44 0
Prozentdifferenz zum Stëmmenundeel -2,56 -6,37 -0,81 -1,49 -3,37 2,06 5,00 10,75 -3,26
Mandater no Proportional-Method 0 1 0 2 0 1 2 3 0
Proportional Mandater a Prozent 0 11,11 0 22,22 0 11,11 22,22 33,33 0
Prozentdifferenz zum Stëmmenundeel -2,56 4,25 -0,81 -1,49 -3,37 2,06 5,00 -0,36 -3,25

Tabell 4: Vergläich vun der Sëtzverdeelung am Norden tëschent der aktueller Rechemethod an der Proportional-Method

No der aktueller Method bedréit den Ënnerscheed tëschent der Partei, déi am meeschte vun der Rechnung profitéiert (CSV 10,75%) an där, déi am meeschte verléiert (ADR -6,37%) 17,12%, dat entsprécht gutt 1,5 Mandater.

No der Proportional-Method bedréit den Ënnerscheed nuren 8,37% (LSAP 5%; Piraten -3,37%), also knapps d`Halschecht géintenaner der aktueller Method.

Wann een, ënner Bäibehale vun de 4 Walbezierker, déi zwou Methode matenee vergläicht, kënnt een op folgend Resultat:

Lénk ADR KPL DP Piraten Gréng LSAP CSV PID
Aktuell Mandater pro Partei Norden 0 0 0 2 0 1 2 4 0
Osten 0 0 0 2 0 1 1 3 0
Süden 1 2 0 3 0 2 7 8 0
Zentrum 1 1 0 6 0 2 3 8 0
TOTAL 2 3 0 13 0 6 13 23 0
Mandater no Proportional-Method Norden 0 1 0 2 0 1 2 3 0
  Osten 0 1 0 1 0 1 1 3 0
  Süden 1 2 0 3 1 2 6 8 0
  Zentrum 1 1 0 5 1 2 3 8 0
  TOTAL 2 5 0 11 2 6 12 22 0
Differenz 0 2 0 -2 2 0 -1 -1 0

Tabell 5: Vergläich vun der Sëtzverdeelung am Land tëschent der aktueller Rechemethod an der Proportional-Method

Intressant festzestellen, datt mat der Proportional-Method „Gambia“ nët méiglech gewiescht wier an déi stäerkst 2er-Koalitioun op 34 Sëtz komm wier.

Et bleift awer derbäi, datt d`Opdeelen a 4 Walbezierker zu groussen Ongerechtegkeete féiert, wéi mer dat schonns gesinn hunn. Fir dat z`ënnersträichen hunn ech mol all Bezierk héichgerechent wéi wann et nuren ee Bezierk wier.

Circonscription Unique

Fir déi Héichrechnung hunn ech virausgesat, datt all Wieler bei der Circonscription Unique d`selwecht géing wielen, wéi en dat elo a sengem Bezierk gemeet huet, dat heescht proportional gläich Verdeelung op Lëschadrëmmen a Persounestëmmen, mat deem Ënnerscheed, datt elo jidder Wieler deen nämlechte Walziedel hätt mat fir all Partei 60 Kandidaten. Dat ass nuren eng hypothetesch Héichrechnung, well sécherlech eng ganz Rëtsch Wieler hir Stëmmen anescht géinge verdeelen. Et sollt awer hei einfach dozou dingen, fir ze kucken, op wéi eng Manéier dës Walprozedur d`Resultat géintiwwer der aktueller géing veränneren.

Hei fir d`éischt déi aktuell Resultater mat 4 Walbezierker:

Norden Osten Zentrum Süden Sëtz
1 déi Lénk 8138 0 5941 0 51859 1 95819 1 2
2 ADR 20246 0 16901 0 54709 1 125826 2 3
3 KPL 2575 0 1537 0 9422 0 40123 0 0
4 DP 75426 2 36237 2 273092 6 213182 3 13
5 Piraten 10733 0 5226 0 29631 0 50676 0 0
6 déi Gréng 28646 1 25486 1 114142 2 163641 2 6
7 LSAP 54788 2 28385 1 159875 3 421519 7 13
8 CSV 107163 4 71727 3 385405 8 539306 8 23
9 PID 10348 0 3018 0 13318 0 22571 0 0
9 7 21 23 60

Tabell 6: Resultat a Sëtzverdeelung iwwert d`Land no de Wale vum 20. Oktober 2013

Hei dann elo déi hypothetesch Stëmmeverdeelung op déi eenzel Partei héichgerechent bei der Circonscription Unique

Norden Osten Zentrum Süden Total
1 déi Lénk 54253 50922 148168 249962 503305
2 ADR 134973 144865 156311 328241 764390
3 KPL 17166 13174 26920 104668 161928
4 DP 502840 310602 780262 556126 2149830
5 Piraten 71553 44794 84660 132198 333205
6 déi Gréng 190973 218451 326120 426889 1162433
7 LSAP 365253 243300 456785 1099614 2164952
8 CSV 714420 614802 1101157 1406885 3837264
9 PID 68986 25868 38051 58880 191785
11269092

Tabell 7: Hypothetesch Stëmmeverdeelung bei der „Circonscription Unique“.

No der aktueller Rechemethod muss elo de Nombre électoral bestëmmt ginn. Deen ergëtt sech duerch Divisioun vun der Gesamtstëmmenzuel (11 269 092) duerch d`Zuel vun de Sëtzer plus 1 (61). Dësen Nombre électoral ass an eisem Fall 184 739.

Lo kann d`Sëtzverdeelung berechent ginn:

  1. Als éischt gëtt d`Stëmmenzuel vun all Partei duerch den Nombre électoral gedeelt. D`Zuel virum Komma ergëtt déi direkt Mandater (Kolonn „Direkt“).
  2. Duerno gëtt d`Stëmmenzuel vun all Partei duerch d`Zuel vun den Direktmandater plus 1 gedeelt. (Kolonn „1.Iwwerhang“); déi Partei mat dem héchste Resultat kritt dat éischt Iwwerhangmandat (hei d`CSV).
  3. Sinn nach weider Mandater ze verginn, da gëtt de Schratt 2 widderholl, woubäi bei der Partei mat dem 1. Iwwerhangmandat d`Divisioun duerch d`Zuel vun den Direktmandater plus 1 plus dem Iwwerhangmandat (also fir d`CSV  22)duerchgefouert gëtt.
  4. No all Berechnung kritt déi Partei mat dem héchste Resultat dat nächst Iwwerhangmandat. Déi Rechnung gëtt esou laang duerchgefouert bis all Iwwerhangmandater vergi sinn.

Zesummegefaasst gesäit dat dann esou aus:

Direkt 1.Iwwerhang 2.Iwwerhang 3.Iwwerhang 4.Iwwerhang Total Aktuell
1 déi Lénk 2 167768 167768 167768 167768 2 2
2 ADR 4 152878 152878 152878 152878 4 3
3 KPL 0 161928 161928 161928 161928 0 0
4 DP 11 179153 179153 179153 165372 12 13
5 Piraten 1 166603 166603 166603 166603 1 0
6 déi Gréng 6 166062 166062 166062 166062 6 6
7 LSAP 11 180413 180413 166535 166535 12 13
8 CSV 20 182727 174421 174421 174421 22 23
9 PID 1 95893 95893 95893 95893 1 0
Total 56 60 60

Tabell 8: Hypothetesch Sëtzverdeelung bei der „Circonscription Unique“ an der aktueller Berechnungsmethod

Och wann et sech hei ëm eng hypothetesch Berechnung handelt, weist se dach ganz kloer, datt bei der „Circonscription Unique“ déi „kleng“ Parteien (ADR, Piraten, PID) besser ewechkéimen an déi dräi gréisst all ee Sëtz géinge verléieren. (Intressant, datt „Gambia“ et esou mat 30 Sëtz net gepackt hätt!)

Elo stellt sech dann d`Fro, wat fir Awierkungen hätt dann déi proposéiert Proportional-Method!

Circonscription Unique mat Proportional-Method

Mir ginn aus vun der nämlechter Stëmmeverdeelung, esou wéi mer se an der Tabell 7 gesinn hunn. No dëser Method gëtt den nombre électoral bestëmmt duerch Divisioun vun der Gesamtstëmmenzuel (11 269 92) duerch d`Gesamtzuel vun de Sëtzer an der Chamber (60). Fir d`Proportional-Method ass den nombre électoral dann 187 818.

Divisoun Direkt Reschtsëtzundeel Reschtsëtzer Total Aktuell
1 déi Lénk 2,679748 2 0,679748 1 3 2
2 ADR 4,069844 4 0,069844 4 3
3 KPL 0,862154 0 0,862154 1 1 0
4 DP 11,44635 11 0,446350 11 13
5 Piraten 1,774084 1 0,774084 1 2 0
6 déi Gréng 6,189146 6 0,189146 6 6
7 LSAP 11,52686 11 0,526860 1 12 13
8 CSV 20,43076 20 0,430760 20 23
9 PID 1,021122 1 0,021122 1 0
56 60 60

Tabell 9: Berechnung vun de Sëtzer bei Circonscription Unique mat Proportional-Method.

Déi Parteie mat dem gréisste Reschtstëmmenundeel kréien am éischte Rechegang direkt d`Reschtsëtzer zougesprach.

Dës Method geet nach méi kloer zu Gonschte vun deene klenge Parteien. Et sollt eis awer lo fairerweis net drëm goen déi Method ze fannen, bei där mer de gréisste Profit hätten, mee déi Method ze sichen, déi dem Wielerwëllen am beschte gerecht géing ginn.

Vergläich vun der Sëtzverdeelung mam Wielerwëllen

Duerfir wëlle mer d`Sëtzverdeelung bei deenen zwou Methode mat der Stëmmeverdeelung vergläichen. Logescherweis misst déi Method déi bescht sinn, bei där déi klengsten Ënnerscheeder bei de prozentuale Vergläicher festzestelle sinn.

4 Walbezierker Circonscription Unique
Stëmmen Sëtzer aktuell Sëtzer no
aktueller Method
Sëtzer no
Proportional-Method
Absolut Prozent Unzuel Prozent Unzuel Prozent Unzuel Prozent
1 déi Lénk 503305 4,47 2 3,33 2 3,33 3 5,00
2 ADR 764390 6,78 3 5,00 4 6,67 4 6,67
3 KPL 161928 1,44 0 0,00 0 0,00 1 1,67
4 DP 2149830 19,08 13 21,67 12 20,00 11 18,33
5 Piraten 333205 2,96 0 0,00 1 1,67 2 3,33
6 déi Gréng 1162433 10,32 6 10,00 6 10,00 6 10,00
7 LSAP 2164952 19,21 13 21,67 12 20,00 12 20,00
8 CSV 3837264 34,05 23 38,33 22 36,67 20 33,33
9 PID 191785 1,70 0 0,00 1 1,67 1 1,67
11269092 100 60 100 60 100 60 100
maximal % 4,28 2,62 0,79
Ofwäichung % -2,96 -1,44 -0,75
Ofwäichung Total % 7,24 4,06 1,54
Sëtzofwäich. 4,344 2,436 0,924

 Tabell 10: Vergläich vun der Sëtzverdeelung bei deenen ënnerschiddleche Rechenmethoden fir d`“circonscription unique“ verglach mat dem aktuelle Stand

Dës Tabell vergläicht d`Sëtzzuel a Prozent mat de Stëmmen a Prozent. Den Idealfall wier erreecht, wann déi zwee Wäerter identesch wieren. Dat ass awer net méiglech, well d`Sëtzzuel ëmmer e Villfacht vun 100/60 = 1,67 ass.

D`Kolonn „Stëmmen“ weist d`Stëmme pro Partei bei Héichrechnung op „circonscription unique“ absolut an a Prozent. Mat dëse Prozentwerter mussen d`Sëtzer a Prozent sech moossen.

D`Kolonn „Sëtzer aktuell“ weist den aktuelle Stand a Sëtzer an a Prozent. Hei weist sech, datt d`CSV 4,28% méi Sëtzer huet wéi Stëmmen, d`Piraten duergéint 2,96% Prozent manner wéi Sëtzer. Wann een de Gesamtënnerscheed (4,28+2,96 = 7,24%) analyséiert, stellt ee fest, datt dat méi wéi 4 Sëtzer sinn (Fraktiounsstäerkt!)

Bei der Kolonn „Sëtzer no aktueller Method“ ginn d`Wäerter aus Tabell 8 betruecht (hypothetesch Berechnung bei der „circonscription unique“). Dëse Vergläich erlaabt eis festzestellen, datt den Eenheetswalkrees d`Resultat schonns wesentlech verbessert, awer nach e Feeler vu ca 2,5 Sëtz tëschent den Extremwäerter zouléisst.

Beim Verglach vun de Wäerter no der Proportional-Method läit den Ënnerscheed tëschent der am meeschte benodeelegter Partei (DP -0,75%) an der meescht bevirdeelegter Partei (LSAP +0,79%) bei 1,54%, wat manner ausmécht wéi ee Sëtz (1,67%).

Dëst Resultat deit ganz kloer drop hin, datt eist Walgesetz reformbedürfteg an och reformfäeg ass.

Deen éischte Schratt dierft d`Aféiere vun der „Circonscription Unique“ sinn. Dat geet awer och net ouni Nodeeler. D`Leit aus de bevëlkerungsaarme Regioune fäerten – net zu Onrecht – datt d ‘Deputéierten aus hire Géigende lues a lues verschwannen an duerch anerer aus de Ballungsgebidder verdrängt ginn. Dat ass eleng schonns dorop zeréckzeféieren, datt dës Kandidate fir d`Chamber vu vill méi Leit kannt ginn an si ganz dachs duerch hiren Asaz op Gemengenniveau a gréissere Gemenge medial vill méi Präsenz weisen.

Et muss sech also iwwerluecht ginn, wéi een d`Konzentratioun vun Deputéierten op déi gréisser Uertschafte ka verhënneren.

Direktmandater

Eng Léisung fir dëse Problem kéint et sinn, wa mer en Deel vun eisen Deputéierten iwwert de Wee vun Direktmandater aus ofgegrenzte Kreeser an d`Chamber géinge schécken. Ech wëll hei folgende Modell zur Debatt stellen.

  • Opdeele vun de 60 Mandater an 30 Direktmandater an 30 Mandater iwwert Landeslëschten
  • D`Land gëtt an 30 Kreeser agedeelt mat ongeféier gläich vill Wielberechtegter (ca 8000)
  • Fir all Krees stellt all Partei 1 Kandidat op; den éischtgewielten aus all Krees kënnt direkt an d`Chamber (Direktmandat)
  • All Kandidat duerf nure fir ee Krees kandidéieren a soll och duerno, wann hie gewielt ass, den direkten Uspriechpartner fir säi Walkrees sinn.
  • Déi aner 30 Deputéiert ginn iwwert eng Landeslëscht gewielt, wou all Partei 60 Kandidate proposéiert, ënnert deenen och all d`Kreeskandidate musse vertruede sinn. Sou muss och weiderhi keng Partei méi wéi 60 Kandidaten opbréngen. Ugekräizt ka ginn ewéi bis elo (Krees schwäerzen oder Eenzelstëmmen)
  • D`Sëtzzuel iwwert d`Parteilëschte gi mat der Proportional-Method bestëmmt. Déi Kandidaten, déi iwwert hire Walkrees gewielt gi sinn, hunn op all Fall de Virrang op e Chamberssëtz. Hei e Beispill, wéi dat kann ausgesinn:
Numm Ant. Bau. Fis. Gill. Hurt Jac. Kell. Lau. Mull. Nim. Osw. Paul. Sch. Wen. Zen.
Stëmmen 200 195 190 185 180 175 170 165 160 155 155 145 140 135 130
Direktmandat X X X X
Gewielt X X X X X X

 Tabell 11: Beispill fir eng Parteilëscht mat 6 gewielten Deputéierten.

Dës Partei huet iwwer d`Landeslëscht 6 Mandater kritt. 4 vun hire Kandidate sinn iwwert de Walkreesdirekt gewieltginn; dobäi kommen nach déi zwee Kandidate mat deene meeschte Stëmmen.

  • Huet eng Partei méi Direktmandater wéi hir opgrond vun der Landeslëscht zousteet (wat e rare Fall dierft sinn), da muss den op der Landeslëscht lescht gewielte Kandidat mat engem Direktmandat säi Mandat zugonschte vum nächste Kandidat op der Kreeslëscht ofginn.

Hei ass e Versuch ze gesinn, d`Land an 30 Kreeser anzedeelen.

Gemeng Wielberechtegter Total Krees Mandater Krees Nr
Clerf 2568
Kischpelt 608
Troisvierges 1417
Weiswampach 751
Wincrange 2478
7822 1 1
Boulaide 633
Bourscheid 808
Esch/Sûre 1275
Eschweiler/Wiltz 504
Goesdorf 886
Lac de la Sûre 987
Wiltz 2117
Winseler 569
7779 1 2
Ell 630
Grosbous 548
Mertzig 1014
Préitzerdaul 949
Rambrouch 2078
Rédange/Attert 1513
Vichten 601
Wahl 553
7886 1 3
Bettendorf 1182
Diekirch 2911
Parc Hosingen 1862
Putscheid 580
Tandel 1068
Vianden 799
8402 1 4
Bissen 1441
Colmar-Berg 996
Erpeldange 1343
Ettelbruck 3537
Feulen 974
8291 1 5
Beckerich 1343
Boevange/Attert 1364
Hobscheid 1752
Koerich 1261
Saeul 444
Septfontaines 429
Tuntange 748
Useldange 1020
8361 1 6
Fischbach 580
Larochette 625
Lintgen 1289
Mersch 4113
Nomern 738
Schieren 850
8195 1 7
Befort 1005
Berdorf 843
Consdorf 1047
Echternach 2463
Heffingen 617
Reisdorf 514
Vallée de l´Ernz 1110
Waldbillig 867
8466 1 8
Bech 678
Betzdorf 1840
Manternach 1056
Mertert 2209
Mompach 664
Rosport 1293
7740 1 9
Biwer 962
Junglinster 3589
Niederanven 2601
Schuttrange 1549
8701 1 10
Grevenmacher 2242
Remich 1715
Stadtbredimus 898
Schengen 2388
Wormeldange 1289
8532 1 11
Bous 844
Contern 1930
Dalheim 1099
Flaxweiler 1079
Lenningen 894
Sandweiler 1485
Waldbredimus 534
7865 1 12
Garnich 1117
Mamer 3519
Steinfort 2460
7096 1 13
Kärjeng 5711
Dippach 2022
7733 1 14
Pétange 7173
7173 1 15
Differdange 8289
8289 1 16
Sanem 8353
8353 1 17
Leudelange 1230
Mondercange 4006
Reckange/Mess 1386
6622 1 18
Esch/Alzette 11693
Schifflange 4617
16310 2 19 + 20
Frisange 2175
Mondorf 2206
Roeser 2984
Weiler-la-Tour 1113
8478 1 21
Bettembourg 5017
Dudelange 9700
Kayl 4422
Rumelange 2324
21463 3 22 – 24
Bertrange 2769
Kehlen 2879
Strassen 2740
8388 1 25
Kopstal 1459
Lorentzweiler 1911
Steinsel 2460
Walferdange 3206
9036 1 26
Hesperange 5743
Luxembourg-Ville 29984
35727 4 27 – 30

Tabell 12: Opdeelung an 30 Walkreser

D`Kreeser sinn no Gemenge bestëmmt ginn a leie geographesch gesinn uneneen. Gréisser Gemengen oder Agglomeratioune ginn an 2 oder méi Kreeser agedeelt.

Schlussbemierkung

Constitution du Grand-Duché de Luxembourg, Texte coordonné; Art. 10bis.(1) :

Les Luxembourgeois sontégaux devant la loi

Dëse fundamentale Saz aus eiser Verfassung gëllt och fir de Wieler an de Gewielten. Et gëllt onofhängeg …

®     vun dem Uert, wou gewielt gëtt a

®     vun der Partei vum Gewielten.

Dat ass ënnert deenen aktuelle Verhältnisser awer net de Fall!

®     Sou ginn z.B. am Bezierk Norden 52040 Stëmmen, d.h. 16,36% vun alle Stëmmen an och vun alle Wieler net berücksichtegt. An anere Wierder: 6087 si ganz ëmsoss an de Walbüro getrëppelt. Iwwert d`ganzt Land gekuckt sinn et 9,42% vun de Stëmmen, wat 19204 Wieler entsprécht. Hir Stëmmen hu kee Wäert – Gläichheet virum Walgesetz?

Bei der Héichrechnung op d`circonscription unique an der aktueller Rechemethod falen dës Wäerter op 1,43% respektiv 2930 Wieler, well just d`KPL net an d`Chamber kéim.

Mat der Circonscription unique an der Proportional-Method fält dëse Wäert ganz einfach op 0%! All Stëmm huet iergendwéi zur Stäerkung vun enger Partei bäigedroen, sou datt se an d`Chamber konnt anzéien – d`KPL als lescht Partei duerch den éischte Reschtsëtz.

®     Wéi vill Wielerstëmmen e Kandidat beim aktuelle Walsystem brauch, fir e Sëtz an der Chamber ze kréien hänkt vun der zueleméisseger Wichtegkeet vu senger Partei of.

An der aktueller Chamber huet en Deputéierte vun der CSV 1,48% vu de Stëmme gebraucht fir gewielt ze ginn, en ADR-Deputéierten gutt 1,5 Mol esou vill, nämlech 2,26%. (Berechnung no der hypothetescher Héichrechnung op ee Walbezierk). Géif no der Proportional-Method verfuere ginn, sou bräicht en CSV-Deputéierten 1,55%, een aus der ADR 1,70%, en däitlecht méi ausgeglachent Verhältnis.

Wann eis Chamber d`Verfassung wëllt eescht huelen, muss d`Walgesetz geännert ginn.

Meng Iwwerleeungen a Berechnunge sollen dozou bäidroen, datt en Ustouss an der richteger Richtung ka geschéien. Et sollen Denkusätz sinn, wat ee kann änneren a wéi eng Méiglechkeeten et gëtt. Mäi Wonsch ass et, datt, wa mer déi nächste Kéier an de Walbüro ginn, mir wëssen, datt mer alleguerten déi nämlecht Chancen hunn, ob Wieler oder Kandidat, wéi och ëmmer dat ka geschéien.

Deel dëse Post: