Besuchsreegele fir Elteren, déi ënner Opsiicht stinn

Am Zesummenhang mat de Besuchsreegele fir Elteren, déi ënner Opsiicht stinn, ginn et eng Hellewull vu Froen, déi den Dan Hardy vun der Regierung beäntwert wëll gesinn.

Fro:

Am Kader vun der Jugendschutzgesetzgebung ginn et reegelméisseg Fäll, wou Gerichter Besuchsreegele fir Elteren ënner Opsiicht festleeën, fir d’Wuel vun de betraffene Kanner ze schützen. Eng zentral Roll schéngt dobäi den „Service Treffpunkt“ vun der Institutioun Aitia ze spillen. Dëse Service ass, wéi eis zu Ouere komm ass, oft iwwerlaascht, a verschidde Fäll weisen op laang Waardezäiten a méiglech Mängel an der Kommunikatioun tëscht de betraffene Verwaltungen hin.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister an der Madamm Minister follgend Froe stellen:

  • Wéi eng spezifesch Roll spillt Aitia, besonnesch hiren „Service Treffpunkt”, bei der Ëmsetzung vu geriichtlech ugeuerdente Besuchsreegele fir Elteren ënner Opsiicht?
  • Wéi dréit den „Service Treffpunkt” zur Kommunikatioun tëscht de betraffene Familljen an de Justizautoritéite bäi?
  • Wéi gëtt d‘Zesummenaarbecht tëscht Aitia, der Justiz an anere relevante Verwaltungen organiséiert, fir sécherzestellen, datt geriichtlech Decisiounen a punkto Besuchsreegele fristgerecht an optimal ëmgesat ginn?
  • Ginn et konkret Ofstëmmungsverfaren tëscht Aitia, der Justiz an dem Educatiounsministère, fir d’Ëmsetzung vun dësen Opsiichtsvisitten ze garantéieren?
  • Wéi laang ass déi duerchschnëttlech Waardezäit fir Familljen, déi geriichtlech ugeuerdent Visitten ënner Opsiicht beim „Service Treffpunkt” musse maachen?
  • Wéi eng Moossname ginn ënnerholl, fir sécherzestellen, datt et net zu onerwaarte Verzögerunge kënnt a datt genuch Kapazitéiten zur Verfügung stinn?
  • Wéi eng konkret Schutzmoossname ginn am „Service Treffpunkt” vun Aitia agefouert, fir sécherzestellen, datt Kanner a Eltere wärend dëse Visitten an engem gesécherten an uerdentlechen Ëmfeld sinn?
  • Wéi dacks ginn dës Schutzmoossname kontrolléiert a verbessert, fir den héchsten Ufuerderunge vum Jugendschutz gerecht ze ginn?
  • Wéi gëtt déi kommunikativ Ofstëmmung tëscht Aitia, den Elteren, de Kanner an de Geriichter organiséiert, fir sécherzestellen, datt all Parteien zu all Moment iwwert den aktuelle Stand vun de Visitten informéiert sinn?
  • Ginn et Mechanismen, déi sécherstellen, datt d’Familljen transparent a rechtzäiteg iwwer hir Rechter an iwwer d’Prozeduren an der Institutioun Aitia opgekläert ginn?
  • Steet beim „Service Treffpunkt” genuch qualifizéiert Personal zur Verfügung, fir déi geriichtlech ugeuerdent Visitten ënner Opsiicht auszeféieren?
  • Wéi eng spezifesch Formatioune maachen d’Mataarbechter, fir déi besonnesch psychologesch an emotional Erausfuerderunge vun dëse Visitten ze meeschteren?
  • Ginn et Indicen, déi noweisen, datt den „Service Treffpunkt” oder vergläichbar Servicer zu Lëtzebuerg iwwerlaascht sinn? Wa jo: Wéi gedenkt d’Regierung dës Iwwerlaaschtung unzegoen?
  • Gëtt et eng reegelméisseg Evaluatioun vun de Prozeduren, fir Visitten ënner Opsiicht auszeféieren? Wa jo, wéi eng Reforme ginn ugestrieft, fir dës Prozeduren nach méi effikass a kannerfrëndlech ze gestalten?
  • Wéi eng Réckmeldunge leien der Regierung vun de Famillje vir, déi iwwer den „Service Treffpunkt” betreit goufen? Ginn et Reklamatiounen oder Verbesserungsproposen?
  • Ginn aus dëse Réckmeldunge konkret Demarchen ofgeleet, fir d’Situatioun fir d’Kanner an d’Elteren ze verbesseren?

Deel dëse Post: